Ezio Pinza

Vu Wikipedia
Wiesselen op: Navigatioun, sichen
Den Ezio Pinza.

Den Ezio Pinza war en italienesche Basssänger. Hie gouf zu Roum den 18. Mee 1892 gebour an ass den 9. Mee 1957 zu Stamford an den USA gestuerwen.

Säi Liewen[änneren | Quelltext änneren]

De Pinza sollt eng Carrière als Velosportler machen. Mä hien huet sech et anescht iwwerluecht an ass op Bologna an de Conservatoire bei den Alessandro Vezzani gaangen, fir seng Stëmm ausbilden ze loossen. Säin éischten Optrëtt op der Bühn war 1914 zu Soncino als Oroveso an der Oper Norma. Nom Éischte Weltkrich koum hien 1922 zu Roum an dem Teatro alla Scale grouss eraus, wou hien enner dem Arturo Toscanini de Ramphis an der Aida, de Raimondo an der Lucia di Lammermoor gesongen huet. Vu 1926 bis 1949 séngt hien am Metropolitan Opera House zu New York. Do séngt hien all grouss italieniesch Bassrollen an de Boris Godunov.

1949 sicht hien no eppes Neies. He geet op de Broadway fir Musicalen ze sangen.

An de spéidere Jore war de Pinza, dee säi Liewe laang käergesond war, mam Häerz geplot.

Bei sengem Begriefnes huet d'Eleanor Steber den Ave Maria aus dem Giuseppe Verdi sengem Otello gesongen.

Säi Gesang[änneren | Quelltext änneren]

Den Ezio Pinza hat ni geléiert Noute vum Blat ze liesen, an a senger Autobiographie zielt hien, wéi de Rogers him e puer Melodien aus dem South Pacific um Piano virgespillt huet. Mä hie war deen, deen d' Missa Solemnis ënner dem Toscanini gesongen huet, Mozart ënner dem Bruno Walter an déi gréisst Richard Wagner Rollen an der Scala.

Wat sote Kritiker iwwer de Pinza[änneren | Quelltext änneren]

  • Den John B. Steane, de grousse Gesangsstëmmekenner schreift iwwer dem Pinza seng Stëmm: ..the mellow fruitfullness of Pinza's tone, the richness of his colouring, the sturdiness of its growth nad the strenght of its flavour ..
  • De Jürgen Kesting rechent de Pinza zu den "zwei Jahrhundertbässe", den aneren ass den Alexander Kipnis. "Wer Ezio Pinza nie gehört hat, weiß nichts von der dunklen, sonoren Pracht einer perfekt gefährten italienischen Bass-Stimme ...."

Wat soll ee lauschteren?[änneren | Quelltext änneren]

  • Déi wichtegst Tounopnam ass den Don Giovanni vun de Salzburger Festspiele vun 1937 dirigéiert vum Bruno Walter

Literatur[änneren | Quelltext änneren]

Dem Pinza seng Autobiographie koum 1977 zu New York eraus. Ezio Pinza. An Autobiography

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Lëscht vu Sängerinnen a Sänger (Klassesch Musek)