Fédération luxembourgeoise de tennis

Vu Wikipedia
Fédération luxembourgeoise de tennis
Ofkierzung FLT
Grënnungsdatum 14.03.1946
(ASBL 23.01.2004)
Sëtz 3, route d'Arlon
L - 8009 Stroossen
President Claude Lamberty
Generalsekretär Chris Richartz
Tresorier Markus Stegmann
Member vu(n) COSL,
Websäit https://www.flt.lu/
D'Dammennationalekipp 2006

D'Fédération luxembourgeoise de tennis, ofgekierzt FLT, ass den nationale Verband vun de Tennis-, Paddle-Tennis- a Pickleballveräiner zu Lëtzebuerg.

D'FLT ass 1946 gegrënnt an de 23. Januar 2004 am Handelsregëster als ASBL registréiert ginn[1].

Se huet hire Sëtz zu Stroossen an ass Member vum COSL an der Internationaler Tennisfederatioun (ITF).

Geschichtleches[änneren | Quelltext änneren]

Mir schreiwen d'Joer 1946. Ënner dem Impuls vum Gaston Wampach an dem Géza Wertheim gëtt d'Lëtzebuerger Tennisfederatioun gegrënnt. Déi zwéi Spiller wollte sech der internationaler Tennis-Elite als Ekipp stellen a fir déi bekannt Davis Cup matspillen. Et waren d'Stare vu virum Zweete Weltkrich - wéi d'Fransousen Henri Cochet a René Lacoste oder den Englänner Fred Perry - déi dem Davis Cup hire Stempel opgedréckt a se iwwer d'Grenzen ewech populär gemaach hunn. D'Demande vun de lëtzebuergeschen Athleete fir an der Davis Cup matzemaachen ass awer vun der Internationaler Tennisfederatioun ofgeblockt ginn, mat der offizieller Begrënnung, datt nëmmen eng Federatioun als Vertriederin vun engem Land kann un dëser prestigiéiser Kompetitioun deelhuelen.

Déi zwéin Athleeten hu sech also fir d'Schafe vun enger Federatioun staark gemaach. De 14. Februar 1946 hu sech Vertrieder vun den Tennisclibb Esch, Déifferdeng, Diddeleng, Iechternach, Rëmeleng, Dikrech an den Arquebusiers am Hotel Mille Colonnes an der Stad Lëtzebuerg zesummegesat, a si hunn decidéiert, eng Federatioun opzebauen. Ee Mount méi spéit, de 14. Mäerz 1946, ass d'lëtzebuergesch Federatioun ënner der juristescher Form vun enger ASBL mat dem Numm Fédération luxembourgeoise de tennis gegrënnt ginn. De 4. Juli gouf se Member vun der Internationaler Tennisfederatioun. Offiziell gouf se den 13. Juli 1946 am Memorial-C Nummer 41 publizéiert. Den éischte President war den Alex Servais.

Sou war dann de Wee op, fir an der Coupe Davis matzespillen, wat och am Joer 1947 de Fall war. De Gaston Wampach an de Géza Wertheim hu géint d'Belsch an der éischter Ronn vum 2. bis de 4. Mee 1947 zu Bréissel gespillt.

Tennis ass awer scho laang virdrun hei zu Lëtzebuerg praktizéiert ginn, an zwar am Ufank vum 20. Joerhonnert, ëm 1900 zu Dikrech. Et waren englesch Touristen a Studenten, déi den Tennissport op Lëtzebuerg bruecht hunn. Zanter ronn 20 Joer gouf et den All England Croquet and Lawn Tennis Club bei London. Vläicht waren et Membere vun dësem Club, déi den Hotelier Alexis Heck a sengem Hôtel des Ardennes zu Dikrech dozou bruecht hunn, en Tennisterrain ze bauen. Ganz séier hunn och déi Dikrecher Spaass mat dësem elegante Sport kritt, an 1902 ass den Dikrecher Tennisclub gegrënnt ginn. 1904 ass den éischten Tennisclub am Minett, den TC Diddeleng, op d'Bee gesat ginn; zwéi Joer duerno war et dann zu Esch de Football and Lawn Tennis Club d'Fola. Domat sinn déi éischt Schrëtt gemaach gewiescht. 1913 huet de Sporting Club aus der Stad den éischten Tennistournoi am Lëtzebuerger Land organiséiert; dat Joer drop gouf et den éischten Interclubmatch tëscht Lëtzebuerg an Esch. Den Éischte Weltkrich ënnerbrécht dann awer ganz abrupt a brutal dës Tennisaktivitéiten.

De Schwong ass awer net méi opzehale gewiescht: 1917 entsteet de Rëmelenger Veräin, a kuerz no dem Éischte Weltkrich ass 1922 an der Stad Lëtzebuerg de bekannten Tennisclub d'Schéiss am Kräizgrënnchen ze fannen.

Déi éischt international Aktivitéit vun engem lëtzebuergeschen Tennisspiller war 1924 op den olympesche Spiller zu Paräis ze begéinen: de Camille Wolff ass am Eenzel an am Dubbel-Mixte mam Rozel Le Gallais ageschriwwen, mä de Camille Wolff hat net vill Chancë mat der Auslousung, well hien ass direkt géint ee vun de Favoritte geroden: de staarken Italiener De Morpurgo, spéideren Halleffinalist; am Dubbel-Mixte huet hie misse Forfait umellen.

Zu Iechternach ass am Joer 1924 och den éischten Tennisclub entstanen. D'Felder si finanzéiert ginn, andeems all Member 100 Frang bäigesteiert huet. Nieft verschiddene Frëndschaftsmatcher ass den éischten internationalen Tournoi 1929 zu Iechternach gespillt ginn, an dat sollt den Ufank vun enger laanger Serie ginn, déi ëmmer international héich quotéiert Tennisspiller op Iechternach gezunn huet.

Organisatioun[änneren | Quelltext änneren]

D'FLT vertrëtt nieft dem Tennis och de Paddle-Tennis a Pickleball.

De President vun der FLT ass zënter 2013 de Claude Lamberty.

Fréier Presidenten[änneren | Quelltext änneren]

  • 1946 - 1948 : Alex Servais
  • 1949 - 1962: Georges Reuter
  • 1963 - 1965: Géza Wertheim
  • 1966 - 1968: Frantz Think
  • 1969 - 1972: Josy Dunkel
  • 1973 - 1978: Georges Weyrich
  • 1979 - 1986: Georges Logelin
  • 1987 - 1993: Michel Wolter
  • 1994 - 2003: Paul Helminger
  • 2003 - 2012: Yves Kemp

Membere vun der FLT[änneren | Quelltext änneren]

Clibb déi Member vun der FLT sinn[2][änneren | Quelltext änneren]

  1. EuroPadel Luxembourg Club
  2. Letz Make it Padel
  3. LetzPickleball Club
  4. Luxembourg International Tennis Club
  5. Sport4Lux Club
  6. TC Arquebusiers
  7. TC B.E.I.
  8. TC Bartreng
  9. TC Beggen
  10. TC Bieles
  11. TC Biissen
  12. TC Boueweg
  13. TC Briddel/Koplescht
  14. TC Cap on Line
  15. TC Contern
  16. TC Diddeleng
  17. TC Dikrech
  18. TC Dippech
  19. TC Ëlwen
  20. TC Esch
  21. TC Fetschenhaff-Zens
  22. TC Gaasperech
  23. TC Gréiwemaacher
  24. TC Heischent
  25. TC Housen
  26. TC Houwald
  27. TC Iechternach
  28. TC Izeg
  29. TC Jonglënster
  30. TC Kenzeg-Fengeg
  31. TC Leideleng
  32. TC Luerenzweiler
  33. TC Mäertert-Waasserbëlleg
  34. TC Miersch
  35. TC Munneref
  36. TC Nordstad
  37. TC Péiteng
  38. TC Réimech
  39. TC Réiserbann
  40. TC Rëmeleng-Kayldall
  41. TC Rued-Sir
  42. TC Sandweiler
  43. TC Schëffleng
  44. TC Schëtter
  45. TC Schieren
  46. TC Sennéngerbierg
  47. TC Smash
  48. TC Stade
  49. TC Stengefort
  50. TC Walfer
  51. TC Wolz
  52. Tennis Frënn Beetebuerg
  53. Tennis Spora

Entwécklung vun de Memberszuel[änneren | Quelltext änneren]

  • 1946 7 Arquebusiers - Dikrech - Déifferdeng - Diddeleng - Iechternach - Esch-Uelzecht - Rëmeleng
  • 1964 16 derbäi koumen: CFL - Belval - Beetebuerg - Ettelbréck - Miersch - Munneref - Péiteng - Stade - Stengefort
  • 1966 18 derbäi koumen: Briddel - Walfer
  • 1968 19 derbäi koum: Spora
  • 1969 20 derbäi koum: Bieles
  • 1971 22 derbäi koumen: Bouneweg - Wolz
  • 1972 23 derbäi koum: Sennengerbierg
  • 1974 24 derbäi koum: Pineta
  • 1975 26 derbäi koumen: Conter - Sandweiler
  • 1977 28 derbäi koumen: Klierf - Houwald - Gréiwemaacher; ewech gefall ass: Pineta
  • 1979 30 derbäi koumen: Luerenzweiler - Veianen
  • 1980 32 derbäi koumen: Schëffleng - Smash
  • 1981 33 derbäi koumen: Fetschenhaff/Zens
  • 1982 42 derbäi koumen: Nidderkäerjeng - Bartreng - Colmar Berg - Ierpeldeng - Jonglënster - Keespelt - Mäertert/Waasserbëlleg - Stroossen - Schëtter
  • 1983 45 derbäi koumen: Biissen - Leideleng - Réiserbann
  • 1984 46 derbäi koum: Dippech
  • 1985 50 derbäi koumen: Bettenduerf - Feelen - Gaasperech - Portennis
  • 1986 56 derbäi koumen: Kanech - Players Féiz - Heischent - Housen - Mamer - Ëlwen
  • 1987 60 derbäi koumen: Beggen - Réimech - Rued-Sir
  • 1988 64 derbäi koumen: BEI - Kënzeg/Féngeg - Kockelscheier - Rammerech - Schieren - Winners; ewech gefall ass: Portennis - Stroossen
  • 1989 62 ewech gefall ass: Belval - Keespelt/Meespelt
  • 1991 62 derbäi koumen: Réiden - Izeg; ewech gefall ass: Kockelscheier - Players Féiz
  • 1994 61 ewech gefall ass: Winners
  • 1995 60 ewech gefall ass: Feelen
  • 1996 59 derbäi koum: Cap On Line; ewech gefall ass: Izeg - Mamer
  • 1997 58 ewech gefall ass: Rammerech
  • 1998 56 ewech gefall ass: Klierf - Réiden op der Atert
  • 2001 55 ewech gefall ass: CFL
  • 2005 53 ewech gefall ass: Housen - Dippech

Bescht Resultater[änneren | Quelltext änneren]

00 De Contenu vun dësem Kapitel oder dësem Artikel ass net vollstänneg oder net méi aktuell. Hëlleft wgl. mat, en ze komplettéieren oder nees op de leschte Stand ze bréngen.


Hären[änneren | Quelltext änneren]

Bescht Plaz am ATP-Ranking
Eenzel Dubbel
Plaz Datum Plaz Datum
MULLER Gilles (*) 59 01.08.2005 147 10.10.2005
SCHEIDWEILER Mike 281 26.05.2003 272 30.09.2002
GOUDENBOUR Johny 321 25.03.1985 252 25.03.1985
RADOUX Jacques 458 13.05.1991 623 08.10.1990
KREMER Gilles (*) 861 24.11.2003 457 28.02.2005
BRAM Laurent (*) 996 06.03.2006 1431 06.03.2006
SCHAUL Pascal 1206 03.05.1999 866 08.03.1999
THOMA Sacha 1291 18.11.1996 1072 27.02.1998

Dammen[änneren | Quelltext änneren]

Bescht Plaz am WTA-Ranking
Eenzel Dubbel
Plaz Datum Plaz Datum
KREMER Anne (*) 18 29.07.2002 140 06.05.2002
SCHAUL Claudine (*) 41 24.05.2004 71 08.11.2004

* nach aktiv Spiller

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Referenzen an Notten[Quelltext änneren]

  1. Am Handelsregëster (lbr.lu) ënner der Nummer F345 agedroen
  2. Clubs - FLT. www.flt.lu. Gekuckt de(n) 2023-12-23.