Fédération nationale des éclaireurs et éclaireuses du Luxembourg

Vu Wikipedia
Wiesselen op: Navigatioun, sichen
Logo vun der FNEL

D'Fédération nationale des éclaireurs et éclaireuses du Luxembourg, kuerz FNEL, ass déi laizistesch Scoutsorganisatioun vu Lëtzebuerg. D'FNEL gouf den 30. Juli 1916 am Café du Commerce an der Stad vun eenzelne Scoutsgruppe gegrënnt.

Geschicht[änneren | Quelltext änneren]

Logo vun der FNEL bis 2008

1914 : De Joseph Tockert grënnt Les Éclaireurs de l'Athenée, déi éischt lëtzebuerger Scoutsgrupp.

1916 : Eenzel Scoutsgruppe setze sech zesummen a grënnen den 30. Juli d'Fédération nationale des éclaireurs du Luxembourg.

1966 : D'Fédération nationale des éclaireurs du Luxembourg hëlt och Meedercher an hir Bewegung op.

1976 : D'Federatioun gëtt sech hiren neien Numm Fédération nationale des éclaireurs et éclaireuses du Luxembourg.

2008 : De fréiere Logo mat den heednesche Symboler (deemools en Zeeche géint déi chrëschtlech Scoute vun de Lëtzebuerger Guiden a Scouten) gëtt duerch en neien, neutrale Logo ersat an nei, gro Hiemer ginn agefouert.

2012 : D'AGGL, Association of Girl Guides of Luxembourg, gëtt un d'FNEL affiliéiert.

Ziler an Aktivitéiten[änneren | Quelltext änneren]

"But the real way to get happiness is by giving out happiness to other people.
Try and leave this world a little better than you found it ...[1]
"

Robert Baden-Powell

D'FNEL wëllt dozou bäidroen datt jonk Leit hir eegen Entwécklung selwer an d'Hand huelen, fir datt si sech zu selbstänneg, responsabel an engagéiert Bierger entwéckelen. D'FNEL bitt de verschiddenen Altersgruppen ugepasste Programmer un, déi sech haaptsächlech a klengen Equippen an der Natur ofspillen. D'Motto vun der FNEL ass: "Trei zum Land". D'FNEL ass fir jiddwereen op.

D'Aktivitéite vun der FNEL baséieren op Wäerter a Methode vum Scoutissem:

  • Frëndschaft
  • Solidaritéit
  • Toleranz
  • Demokratie
  • Spill a Spaass
  • Learning by doing
  • Benevolat

Dozou gehéiere geméiss den Iddie vum Baden-Powell och d'Scoutsverspriechen an d'Scoutsgesetz[2]:

De Scout engagéiert sech fräiwëlleg fir d'Wäerter an d'Ziler vum Scoutissem.

Opbau vun der FNEL[änneren | Quelltext änneren]

Struktur fnel.jpg

Gruppen[änneren | Quelltext änneren]

D'FNEL besteet aus ënnerschiddlech grousse Gruppen, déi geographesch organiséiert sinn. Déi meescht Gruppe benenne sech no engem Déier.

Uertschaft Numm Déier Um Spaweck
Briddel Däreldéieren Däreldéier http://www.daereldeieren.lu
Diddeleng Gréng Scouten a Guiden http://www.grengscouten.lu
Diddeleng Les Peaux-Rouges http://www.scoutenguiden.lu
Dippech Dachsen Dachs http://www.dachsen.lu
Éilereng Eilerenger Feldmais Feldmaus http://webplaza.pt.lu/public/dejagerl/
Fréiseng Bisons futés Bison http://bisons.lu
Iechternach Eclaireurs d'Echternach
Iechternach Eechternoacher Quaichleken Kueischlek
Kap Piwitschen Piwitsch http://www.piwitschen.lu
Kolmer-Bierg Les Hirsch Hirsch http://www.hirsch.gwebb.com/
Lëtzebuerg (Stad) Campeuses bronzées / Diables mauves http://www.cbdm.lu
Lëtzebuerg (Stad), Hollerech - Gare Hoga http://www.hoga.lu
Lëtzebuerg (Stad), Rollengergronn Les Aigles Adler http://www.lesaigles.lu
Lëtzebuerg (Stad), LTPEM Loups blancs Wollef http://www.ltpem.lu/loupsblancs
Lëtzebuerg (Stad), Bouneweg Lions bleus Léiw http://www.lionsbleus.lu
Lëtzebuerg (Stad) Melusina-Fiiss Fuuss
Lëtzebuerg (Stad) Unité Robert Schuman
Lëtzebuerg (Stad) Telstar http://www.telstar.lu
Luerenzweiler Panthères Noires Panther http://pnl.hot.lu
Mamer Mamer Wiselen Wisel http://www.mamerwiselen.lu
Miersch Les Loutres Otter http://www.scouts-loutres.lu
Munneref Munnerefer Mais Maus http://www.muma.lu/
Rammerech Rammericher Fräschen Fräsch
Réiden Roude Milan AGGL Roude Milan
Schëtter Les Castors Biber http://castors.lu
Steesel Well Säi Wëllschwäin http://www.wellsai.lu
Stengefort Deckelsmouken Deckelsmouk
Stroossen Kiewerlecken Kiewerlek http://www.kiewerlecken.lu

Branchen[änneren | Quelltext änneren]

Déi eenzel Gruppen hirersäits bestinn aus de folgende Branchen:

Beaver Meedercher a Jonge vu 6 bis 8 Joer
Wëllefcher Meedercher a Jonge vun 8 bis 11 Joer.
Scouten / Guiden Meedercher a Jonge vun 11 bis 15 Joer
Explorer Jonker tëscht 15 an 18 Joer.
Rover Erwuessener tëscht 19 bis 26 Joer

Comité[änneren | Quelltext änneren]

Amicale[änneren | Quelltext änneren]

D'Amicale vun der FNEL besteet aus fréiere Memberen, Elteren a Frënn. Si organiséiert Fester a gëtt der Organisatioun finanziell Hëllef.

Formatioun[änneren | Quelltext änneren]

D'Cheffe vun der FNEL schaffe benevol. Si maachen eng vum Staat unerkannte Formatioun[3] vu ronn 12 Deeg, déi sech iwwer 2 Joer erstrecken.

D'Formatioun besteet aus prakteschen an theoretesche Coursen, z. B.:

  • Wéi organiséieren ech e Camp, eng Versammlung?
  • D'Entwécklung vum Kand oder vum Jugendlechen.
  • Animatioun
  • Administratioun
  • Kommunikatioun
  • Naturpedagogik
  • Scoutstechniken:
    • Kaart a Kompass
    • Hygiène
    • Spiller
    • Lidder
    • Bastelen
    • Kniet

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Fédération nationale des éclaireurs et éclaireuses du Luxembourg – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen[änneren | Quelltext änneren]

  1. "... and when your turn comes to die, you can die happy in feeling that at any rate you have not wasted your time but have done your best". Dëst ass en Auszuch aus Notizen, déi nom Baden-Powell sengem Doud fonnt gi sinn. Cf. d'Notizen op wikisource
  2. D'Scoutsgesetz ass keen Zwang, mä weist him d'Ziler déi hie soll ustriewen.
  3. De Brevet d'animateur respektiv de Brevet d'aide animateur.