Félicien Rops

Vu Wikipedia
Dëse Konschtartikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran.
Félicien Rops
Pseudonym Croque-tout, Risette, Graffin, Cham-Loth, Spor
Gebuer 7. Juli 1833
Namouer
Gestuerwen 23. August 1898
Essonnes
Nationalitéit Belsch
Aktivitéit Moler, Illustrateur, Karikaturist, Comicauteur, Fotograf, Zeechner, Graveur, Aquafortist
D'Versuchung vum hellegen Antonius

De Félicien Joseph Victor Rops, genannt Félicien Rops, gebuer de 7. Juli 1833 zu Namouer, a gestuerwen den 23. August 1898 zu Corbeil-Essonnes am Departement Essonnes a Frankräich, war e belsche Kënschtler, deen an enge sëllegen Technike geschafft huet. De Rops war gläichzäiteg Moler, Lithograph, Zeechner, Illustrateur a Graveur an huet sech u sengem Liewensenn souguer mat der Botanik beschäftegt.

Hien hat als Frënd de Charles de Coster an huet seng Légende de Uylenspiegel illustréiert.

Nodeem hien, op säin Erfolleg hin, op Paräis geplënnert war, huet en do Wierker vu bekannten Auteuren illustréiert, wéi Théophile Gautier, Alfred de Musset, Stéphane Mallarmé oder Charles Baudelaire.

1888 ass hie mat der Légion d'honneur ausgezeechent ginn. Dat huet awer net verhënnert, datt dräi Deeg duerno seng Biller wéinst Moralverletzung enger Saisie zum Affer gefall sinn. Seng Zeechnungenen a Biller haten nämlech am grousse Ganzen e prononcéierten erotesche Charakter.
A senger Heemechtstad Namouer dréit e Musée säin Numm.

Literatur[änneren | Quelltext änneren]

  • Félicien Rops: Die Botin des Teufels: Graphik. Eulenspiegel Verlag, Berlin 1988, ISBN 3-359-00254-7
  • Friederike Hassauer, Peter Roos (Hrsg.): Félicien Rops: Der weibliche Körper, der männliche Blick. Haffmans Verlag, Zürich 2000, ISBN 3-251-00063-2

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Félicien Rops – Biller, Videoen oder Audiodateien