Félicien Steichen
| Dësen Artikel ass eréischt just eng Skizz. Wann der méi iwwer dëst Thema wësst, sidd der häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann dir Hëllef braucht beim Schreiwen, da luusst bis an d'FAQ eran. |
De Félicien Steichen, gebuer den 13. Oktober 1926 an der Stad Lëtzebuerg um Lampertsbierg, gestuerwen de 27. Juni 2011 zu Brignogan[1] an der Bretagne, war e lëtzebuergeschen Dokter a Fuerscher.
Seng Carrière hat hien als Kannerchirurg ugefaangen. 1963 war hien an Amerika fortgezunn. Hie gouf do Universitéitsdozent an hat sech an der minimal-invasiver Chirurgie (Chirurgie mat minimalem Schnëtt a minimalen Blessuren) an och an der Video-Endoskopie spezialiséiert.
An der neier chirurgescher Technologie war den Dokter Félicien Steichen weltbekannt ginn. 2003 war hie Chef vum Institute for Minimally Invasive Surgery am St. Agnes Hospital zu New York.
2003 hat de Félicien Steichen en Don un d'Lëtzebuerger Nationalbiblothéik (BNL) gemaach, an hir 130 Këschte voll Fachliteratur aus senger Privatbibliothéik geschenkt.
Inhaltsverzeechnes |
[änneren] Publicatiounen
- Steichen, Félicien & Ravitch, Mark:Stapling in surgery - Chicago ; London : Year Book Medical Publishers, cop. 1984
- Steichen, Félicien M.: The dynamics of progress in the art and science of surgery / Felicien M. Steichen.
[änneren] Auszeechnungen
- Zënter 1993 huet am Medical College zu New York e Léierstull säin Numm.
- D' Deutsche Gesellschaft für Chirurgie huet 2001 e Félicien-Steichen-Präis geschaf.
[änneren] Um Spaweck
- Säit Autosuture iwwer déi nei chirurgesch Techniken mat Hiwäis op de Félicien Steichen
- Conditiounen fir d'Attributioun vum Félicien-Steichen-Präis, op däitsch
- D'Ausliwwerung vun de Bicher- an Zäitschrëftekëschten um Findel
[änneren] Referenzen
- ↑ ...s'est éteint à Brignogan (Finistère-Nord) le lundi 27 juin 2011..., Doudesannonce am Luxemburger Wort Nr 158 vum 9. Juli 2011, S. 99