Félix Asselborn

Vu Wikipedia
Félix Asselborn
Gebuer 26. November 1910
Gestuerwen 24. Mee 1944
Léck
Nationalitéit Belsch
Aktivitéit Resistenzler

De Félix Asselborn, gebuer zu Frellen de 26. November 1910 a gestuerwen de 24. Mee 1944 zu Léck, war e belsche Resistenzler a Member vun der Armée secrète.

Wéinst senge Resistenzaktivitéite gouf hie vum däitsche Besatzer den 13. Februar 1944 verhaft an op Léck an d'Citadelle bruecht. Do gouf hien am Mee erschoss, an nom Krich zu Frellen begruewen.

Un hien erënnere säin Numm um Monument aux morts zu Frellen, an um Monument vun den Anciens élèves vum Areler Kolléisch. En Erënnerungskräiz steet am Enclos des fusillés nieft dem Hôpital de la Citadelle zu Léck.