Félix Eischen

Vu Wikipedia
Félix Eischen
Gebuer 5. Februar 1966
Lëtzebuerg
Nationalitéit Lëtzebuerg
Aktivitéit Politiker
Partei CSV

De Félix Eischen, gebuer de 5. Februar 1966 an der Stad Lëtzebuerg, ass e lëtzebuergesche Politiker (CSV) a fréiere Journalist an Tëlees-Moderator.

De Felix Eischen huet vun 1987 bis 2007 bei RTL Radio an Télé Lëtzebuerg geschafft, wou hien zum Schluss ë. a. eng eegen Talkshow moderéiert huet.

2009 gouf hie fir d'CSV am Bezierk Süde an d'Chamber gewielt, a bei de Chamberwale vun 2013, deene vun 2018[1] an deene vun 2023[2] erëmgewielt.

Zanter November 2017 ass hie Buergermeeschter vun der Gemeng Kielen.

Hien ass haaptberufflechen Assurancenagent an ee vu sengen Hobbyen ass d'Exploitéiere vun enger klenger landwirtschaftlecher Brennerei. Am Marc Thoma sengem Film Emil (deen 2010 erauskoum) hat hien eng Nieweroll.

De Felix Eischen ass bestuet an huet zwou Duechteren.

Gielercher[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Félix Eischen – Biller, Videoen oder Audiodateien
Virgänger:
Laurent Zeimet
Generalsekretär vun der CSV
2020 - 2021
Nofollger:
Paul Galles

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. elections.lu.
  2. elections.lu.
  3. « Compte-rendu des séances publiques n°7 - Séance extraordinaire 2013-2014 », op https://www.chd.lu/