Félix Glatz
Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
| Dësen Artikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Thema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir Hëllef braucht beim Schreiwen, da luusst bis an d'FAQ eran. |
De Félix Glatz, * 22. November 1894 zu Housen, † 5. Abrëll 1953 zu Lëtzebuerg, war e lëtzebuerger Moler.
Inhaltsverzeechnes |
Seng Carrière a säi Liewen [änneren]
- 1913-1916: Schoulmeeschter am Heischtergronn
- 1916: Schoulmeeschter zu Holztem
- 1918-1922: Studien zu Paräis op der Ecole des Beaux-Arts an der Académie Julian
- 1925-1926: Chargé de Cours op der Ecole industrielle et commerciale zu Lëtzebuerg
- 1926-1940: Maître de dessin an duerno Zeecheprofesser op derselwechter Schoul
- 1940-1944: Am Krich ausgewisen aus Lëtzebuerg, huet zu Oochen Course ginn
- 1945: Zeecheprofesser um Jongelycée zu Lëtzebuerg
- 1953: Gestuerwen de 5. Abrëll zu Lëtzebuerg
Seng Wierker [änneren]
- De Félix Glatz war virun allem Paysagiste an huet mat Virléift Biller vu senger Éisleker Landschaft gemoolt an och vun der Provence, der Heemecht vu senger Fra. Un hien erënneren och etlech vun him gemoolte Portraiten an Nature morten. Hie war villsäiteg an huet Gei, Uergel a Piano gespillt. Hien ass och den Auteur vu zwee Theaterstécker a lëtzebuergescher Sprooch.
- 1938 huet de Félix Glatz de Prix Grand-Duc Adolphe fir seng Wierker kritt.
Literatur [änneren]
- Jaans, Jean: Der Maler Felix Glatz, Revue De Cliärrwer Kanton,1983-3
- Kayser, Lucien, 2009. face à face: la fonction publique et l'art luxembourgeois. Confédération générale de la fonction publique. Lëtzebuerg. ISBN 978-2-87954-212-6. (Ss. 14-15)
- APEA: Regard, Album rausgi vun der Association des Professeurs d'Education Artistique de l'Enseignement Secondaire et Supérieur, 1987, Editions St.-Paul