Félix Steinberg

Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
Wiesselen op: Navigatioun, sichen

De Félix Steinberg, gebuer de 7. Mäerz 1921 op der Kräizerbuch an der Gemeng Habscht, gestueren den 21. Oktober 1990, war e lëtzebuergesche Resistenzler.

Während dem Zweete Weltkrich ass hien aus dem LCD geflunn, wëll hie refuséiert huet an d'Hitlerjugend anzetrieden. Hien huet sech an der Propagandacompagne géint Personenstandsaufnahme vum 10. Oktober 1941 agesat.

Hie war Member vun der Letzeburger Legio'n wou hie Gruppechef vun de Sektioune Biissen, Béiwen a Kolmer war.

De 27. Juni 1944 gouf hie vun der Gestapo festgeholl a koumm an de Gronn, an dono op Wittlich a Butzbach.