Félix Tisserand
Den François Félix Tisserand, gebuer den 13. Januar 1845 zu Nuits-Saint-Georges a gestuerwen den 20. Oktober 1896 zu Paräis war e franséischen Astronom.
Den Tisserand huet an der École normale supérieure Mathematik a Physik studéiert. Hie gouf 1866 am Paräisser Observatoire als Adjoint ugestallt a koum 1873 als Direkter vum Observatoire vun Toulouse, wou hie Professer gouf. Am Joer 1878 gouf hien zum Member vun der Paräisser Akademie vun de Wëssenschaften ernannt. 1883 gouf hie Nofolger vum Puiseux op dem Léierstull fir Himmelsmechanik op der Sorbonne zu Paräis. 1892 huet hien d'Leedung vum Paräisser Observatoire iwwerholl. Do huet hien d'Leedung vum Projet Carte du Ciel, wou de ganzen Himmel fotografesch kartéiert gouf. Gläichzäiteg huet hien e Fotoatlas vum Äerdmound initiéiert, den Atlas photographique de la lune. Dëse gouf eréischt zu der Zäit vun de Moundlandungen ofgeléist.
Inhaltsverzeechnes |
[änneren] Wierkung
Als Unerkennung gouf e Äerdmoundkrater an der Géigend vum Mare Crisium no him genannt. Kuerz viru sengem Doud huet hien e Critère fir d'Iwwerpréife vu Koméitebunnen entwéckelt , de Tisserandcritère. Him zu Éieren gouf a senger Gebuertsuertschaft 1899 e Monument opgeriicht.
[änneren] Schrëften
- Traité de mécanique Céleste. (4 Bänn)
[änneren] Literatur
- William I. McLaughlin, Sylvia L. Miller: Im Schatten von Riesen. Spektrum der Wissenschaft 8/2005, S. 86 - 91 (2005)
