Félix vu Lëtzebuerg

Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
Wiesselen op: Navigatioun, sichen
vlnr.: Félix, Alexandra a Guillaume vu Lëtzebuerg den 29. September 2006 bei der Hochzäit vun hirem Brudder Louis zu Gilsdref

De Félix Léopold Marie Guillaume vu Lëtzebuerg, gebuer den 3. Juni 1984 an der Maternité Grande-Duchesse Charlotte zu Lëtzebuerg, ass Prënz vun Nassau a Prënz vu Lëtzebuerg. Hien ass deen zweete Jong vum Groussherzog Henri a senger Fra Maria Teresa Mestre.

Studien [änneren]

No der Primärschoul zu Luerenzweiler huet e seng Sekundarstudien zu Lëtzebuerg an der Privatschoul Notre Dame Sainte-Sophie de Luxembourg an un der American School of Luxembourg gemaach.

Vun 1998 bis 2003 huet hien de Collège Alpin International Beau Soleil zu Villars-sur-Ollon an der Schwäiz besicht, wou hien och säin Ofschlossdiplom kritt huet.

Vun 2003 bis 2004 huet e Studien a Politikwëssenschaften, Kommunikatioun a Psychologie a Groussbritannien an an der Belsch gemaach. Ausserdem huet en an där Zäit Stagen a verschiddene Privatentreprisë gemaach.

2005 huet en am Departement Marketing & Public Relations vun enger schwäizer Firma geschafft, déi spezialiséiert ass op d'Organisatioun vu Sport- a Kulturevenementer. Fir déi Firma ass en och weider aktiv als onofhängege Beroder.

Zënter Oktober 2009 studéiert de Prënz Félix zu Roum fir e Bachelor am Fach Bioethik ze maachen.

Den 13. Dezember 2012 huet de Prënz seng Verlobung mat der Biergerlecher Claire Lademacher bekanntginn.

Patronagen [änneren]

Zënter 2003 mécht de Prënz Félix de Patronage vum Fallschirmspréngerveräin Cercle Para Luxembourg (FAL).

Als Frënd vum Basketball ass de Prënz 2005 zum Éierepresident vun der Fédération luxembourgeoise de Basketball ernannt ginn.

Um Spaweck [änneren]