Fête de la Musique
D' Fête de la Musique ass eng ëffentlech Manifestatioun, déi all Joers den 21. Juni organiséiert gëtt, an där hiert Zil et ass, Museker, Bands a Chéier, ob professionell oder Amateur, ze erméiglechen, op ëffentleche Plazen Concerten ze ginn.
D'Iddi kënnt aus Frankräich, wou den deemolege Kulturminister Jack Lang 1981 eng éischte Kéier de Slogan Faites de la musique/Fête de la musique lancéiert huet. 1982 war déi éischt offiziell Fête de la musique zu Paräis, an an de Joren drop an ëmmer méi Stied a Frankräich. Den 21. Juni war erausgesicht ginn, well dat (an der nërdlecher Hemispher) dee längsten Dag ass.
Vu Frankräich aus huet d'Konzept sech geschwënn an d'Belsch an an d'Schwäiz, mee och soss doruechter an Europa a mëttlerweil an d'ganz Welt verbreet. Zu Lëtzebuerg gëtt d'Fete de la Musique zënter dem Joer 2000 all Joers organiséiert. Eng Asbl këmmert sech ëm d'Organisatioun an d'Koordinatioun. Dacks ass den Iwwergang zu de Evenementer am Kader vum Nationalfeierdag fléissend, deem säi Virowend, wou gefeiert gëtt, just een Dag dono ass.