Fête de la musique

Vu Wikipedia

D'Fête de la musique ass eng ëffentlech Manifestatioun, déi all Joer den 21. Juni organiséiert gëtt, an där hiert Zil et ass, Museker, Bands a Chéier, ob professionell oder Amateur, z'erméiglechen, op ëffentleche Plaze Concerten ze ginn.

D'Fête de la musique berout op dräi Prinzipien:

  1. Et soll d'Fest vun allen Zorte vu Musek sinn an et soll e grousse Spektrum vu verschiddene Stilrichtunge ugebuede ginn.
  2. Et soll eng Tribün si fir all Museker, méi oder manner bekannt, op lokaler, regionaler, nationaler oder internationaler Basis.
  3. De Gratis-Zougang soll garantéieren, datt jiddwereen dovu profitéiere kann.

D'Iddi kënnt aus Frankräich, wou den deemolege Kulturminister Jack Lang 1981 eng éischt Kéier de Slogan Faites de la musique/Fête de la musique lancéiert huet. 1982 war déi éischt offiziell Fête de la musique zu Paräis, an an de Joren drop an ëmmer méi Stied a Frankräich. Den 21. Juni war erausgesicht ginn, well dat (an der nërdlecher Hemispher) dee längsten Dag ass.

Vu Frankräich aus huet d'Konzept sech geschwënn an d'Belsch an an d'Schwäiz, mä och soss doruechter an Europa a mëttlerweil an d'ganz Welt verbreet.

D'Fête de la musique zu Lëtzebuerg[änneren | Quelltext änneren]

Zu Lëtzebuerg gëtt d'Fete de la musique zanter dem Joer 2000 all Joer organiséiert. Eng Asbl këmmert sech ëm d'Organisatioun an d'Koordinatioun. Zu Lëtzebuerg gëtt d'Fête de la musique an de verschiddene Gemengen déi matmaache meeschtens op e puer Deeg virun oder no dem 21. Juni verdeelt, soudatt praktesch wärend enger ganzer Woch Fête de la musique ass. Dacks ass och den Iwwergang zu de Evenementer am Kader vum Nationalfeierdag fléissend, deem säi Virowend, wou gefeiert gëtt, just een Dag duerno ass.

D'Fête de la musique gouf allerdéngs zu Diddeleng an duerch d'Union Grand-Duc Adolphe op eegen Initiativ scho Jore virun der offizieller Aféierung zu Lëtzebuerg gefeiert.

Galerie[änneren | Quelltext änneren]

Verschidde Fotoe vu Fêtes de la musique uechter d'Land

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Fête de la musique – Biller, Videoen oder Audiodateien