FA Cup
| Dëse Sportsartikel ass eréischt just eng Skizz. Wann der méi iwwer dëst Thema wësst, sidd der häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann der Hëllef braucht beim Schreiwen, da luusst bis an d'FAQ eran. |
Den FA Cup (Football Association Challenge Cup) ass déi wichtegst Coupe-Competitioun am Englesche Foussball. E gëtt zanter dem Joer 1871, mat Ausnahm vun de Weltkricher, all Joer ausgespillt, an ass domadder déi eelste Foussball-Competitioun op der Welt, déi bis haut existéiert.
All Veräiner déi am Englesche Foussball Liga System vertruede sinn an déi an der Saison virdrun an enger vun de wichtegen Englesche Coupe-Competitioune matgespillt hunn (FA Cup, FA Trophy an FA Vase) kënne matspillen. D'Matcher lafen all Saison an 2 Virqualifikatiounsronnen, 4 Qualifikatiounsronnen an 8 Haaptronnen tëschent de Méint August a Mee. An der Saison 2011/12 gouf en neie Rekord vu Participanten opgestallt, mat 763 Veräiner.
Manchester United F.C. huet den FA Cup 11 mol gewonnen, an ass domatt Rekordgewënner.