Bologna Football Club 1909

Vu Wikipedia
(Virugeleet vu(n) FC Bologna)
Dëse Sportsartikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran.
FC Bologna
Offiziellen Numm: Bologna Football Club 1909
Spëtznumm: Felsinei, Rossoblù
Veräinsfaarwen: Rout-Blo
Grënnung: 1909
Stadion: Stadio Renato Dall'Ara, Bologna
Plazen: 39 444
President: Albano Guaraldi
Trainer: ?
Liga: Serie A
Saison: 2021/22:
Positioun: 13.
Trikotfarben
Trikotsfaarwen
Trikotfarben
Trikotsfaarwen
Trikotfarben
Trikotsfaarwen
Trikotsfaarwen
Trikotsfaarwen
Éischt Uniform
Trikotfarben
Trikotsfaarwen
Trikotfarben
Trikotsfaarwen
Trikotfarben
Trikotsfaarwen
Trikotsfaarwen
Trikotsfaarwen
Zweet Uniform
Trikotsfaarwen
Trikotfarben
Trikotsfaarwen
Trikotsfaarwen
Trikotsfaarwen
Trikotsfaarwen
Ersatzuniform

Den FC Bologna (offiziell Bologna Football Club 1909) ass en italieenesche Foussballclub vu Bologna, deen am Joer 1909 gegrënnt gouf. De Bologna spillt am Moment (Saison 2011/12) an der éischter italieenescher Liga, der Serie A.

Mat 7 nationale Meeschterschaftstitelen, als zweemolege Coupe-Gewënner, eemolegen Intertoto-Gewënner an als dräimolege Gewënner vum Mitropa Cup (Virreider vun der UEFA Champions League), ass de Bologna eng vun de Veräinsekippe mat deem meeschte Succès vun Italien.

De Veräi spillt seng Heemspiller am Stadio Renato Dall'Ara.

Geschicht[änneren | Quelltext änneren]

Virum Zweete Weltkrich war de Bologna déi Ekipp mat deem meeschte Succès vun Italien a vu ganz Europa. Ënner der Leedung vum President Renato Dall'Ara (him zu Éieren ass och de Stadion benannt) war de Bologna als "lo squadrone che tremar il mondo fa" ("d'Equipp déi d'Welt zum ziddre bréngt") an den 30er a 40er Jore bekannt. Deemools gouf de Bologna vum ungareschen Trainer Árpád Weisz, an duerno vum legendären éisträicheschen Trainer Hermann Felsner, trainéiert. Tëscht 1936 an 1941 huet de Bologna 4-mol d'Meeschterschaft gewonnen. International hat d'Ekipp och vill Succès: eemol den Trophee vun der Weltausstellung zu Paräis 1937 (an der Finall gouf den Chelsea F.C. 4-1 geklappt) an zweemol de Mitropa Cup (1934, 1961). Nom Doud vum Dall'Ara (1964) hat de Bologna net deen Erfolleg. Just een Intertoto-Pokal 1998, an zweemol d'Coupe an de 70er Joren. An der Tëschenzäit ass de Bologna e puermol och an d'Serie B gefall.

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Bologna FC – Biller, Videoen oder Audiodateien