FC Déifferdeng 03

Vu Wikipedia
Wiesselen op: Navigatioun, sichen
FC Déifferdeng 03
FC Déifferdeng 03
Offiziellen Numm: Football Club Déifferdeng 03
Spëtznumm: FCD 03
Veräinsfaarwen: Rout, Schwaarz, Wäiss
Grënnung: 2003
Stadion: Stade Municipal de la Ville de Differdange,
Déifferdeng
Plazen: 2 400
President: Fabrizio Bei
Trainer: Marc Thomé
Liga: BGL Ligue
2013/14 3. Plaz
Trikotfarben
Trikotsfaarwen
Trikotfarben
Trikotsfaarwen
Trikotfarben
Trikotsfaarwen
Trikotsfaarwen
Trikotsfaarwen
Éischt Uniform
Trikotfarben
Trikotsfaarwen
Trikotfarben
Trikotsfaarwen
Trikotfarben
Trikotsfaarwen
Trikotsfaarwen
Trikotsfaarwen
Zweet Uniform
Trikotsfaarwen
Trikotfarben
Trikotsfaarwen
Trikotsfaarwen
Trikotsfaarwen
Trikotsfaarwen
Ersatzuniform

Den FC Déifferdeng 03 ass e lëtzebuergesche Foussballclub vun Déifferdeng. De Veräin ass 2003 aus der Fusioun vun den Déifferdenger Clibb FA Red Boys Déifferdeng an AS Déifferdeng entstanen.

Veräiner an der Zäit[änneren | Quelltext änneren]

Red Boys Déifferdeng[änneren | Quelltext änneren]

Red Boys Déifferdeng

D'F.A. Red Boys Differdange gouf 1907 als Sporting Club Differdange gegrënnt a war ee vun den erfollegräichste Foussballclibb zu Lëtzebuerg. D'Red Boys war véieranzwangegmol an der Finall vun der Coupe de Luxembourg an huet se fofzéngmol gewonnen. De Veräi war sechsmol Lëtzebuerger Champion an eelefmol Vizechampion.

AS Déifferdeng[änneren | Quelltext änneren]

AS Déifferdeng

D'A.S. Déifferdeng (Association Sportive Differdange) gouf 1921 gegrënnt an huet hir éischt Saison 1922/23 gespillt. 1940 huet de Veräi den Numm op FK Rotstern Differdingen missen änneren. D'Joer drop (1941) gouf de Club du vun den Nationalsozialiste ganz verbueden an opgeléist. 1944 ass d'AS Déifferdeng nei gegrënnt ginn.

An hirer leschter Saison 2002/03 koum d'éischt Seniorsequipe op eng sechst Plaz an der éischter Divisioun.

Stadien[änneren | Quelltext änneren]

  • Stade Municipal de la Ville de Differdange:

De Stade Municipal de la Ville de Differdange zu Déifferdeng ass den Heemstadion vum FC Déifferdeng 03 an huet Plaz fir 2.400 Leit, dovu sinn 1.800 Sëtzplazen op der Tribün. Nieft dem Haaptterrain sinn op dësem Site nach e weidere Wuess- an ee syntheteschen Trainingsterrain.

  • Stade Thillebierg:

E weidere Stadion ass de Stade du Thillenberg, wou den FC Déifferdeng bis 2012 seng Heemmatcher ausgedroen huet.

Erfolleger[änneren | Quelltext änneren]

  • Gewënner vun der Coupe de Luxembourg 2010 (1-0 géint den CS Gréiwemaacher)
  • Gewënner vun der Coupe de Luxembourg 2011 (1-0 géint den F91 Diddeleng)
  • Gewënner vun der Coupe de Luxembourg 2014 (2-0 géint den F91 Diddeleng)[1]

Europäesch Kompetitiounen[änneren | Quelltext änneren]

Zanter der Saison 07/08 huet den FC Déifferdeng 03 mat deels gudde Resultater un europäesche Kompetitiounen deelgeholl. Nom éichten Optrëtt am UI-Cup geint Slovan Bratislava gouf et de 16. Juli 2009 dei éicht Victoire op internationaler Bühn geint d'Kroate vun HNK Rijeka am Stade Josy Barthel. Ab der Saison 11/12 huet den FCD dunn historesches ereescht. Als éischte lëtzebuergesche Veräin huet d'Equipe aus der Cité du fer et fäerdeg bruecht, sech dräi Joer hannerenee fir eng weider Ronn an der Europa League ze qualifizéieren. Héichpunkt waren no der Disqualifikatioun vun Olympiakos Volos dei zwéi Matcher géint Paris Saint Germain (18.08.2011 an 25.08.2011) an der Play-Off Ronn vun der Europa League. De gréissten Erfolleg war awer d'Weiderkomme geint d'Profie vum FC Utrecht an der Saison 13/14.[2][3]

Saison Kompetitioun Ronn Géigner Land Resultat
2014/15 Europa League Quali 1R Atlantas Klaipeda Litauen 1-0, 1-3
2013/14 Europa League Quali 3R Tromsø IL Norwegen 0-1, 3-4 n.E.
2013/14 Europa League Quali 2R FC Utrecht Holland 2-1, 3-3
2013/14 Europa League Quali 1R KF Laçi Albanien 1-0, 2-1
2012/13 Europa League Quali 2R KAA Gent Belsch 0-1, 2-3
2012/13 Europa League Quali 1R NSI Runavik Färöer 3-0, 3-0
2011/12 Europa League Play-Off Paris Saint Germain Frankräich 0-4, 0-2
2011/12 Europa League Quali 3R Olympiakos Volos Griicheland 0-3, 0-3*
2011/12 Europa League Quali 2R Levadia Tallinn Estland 0-0, 1-0
2010/11 Europa League Quali 2R FK Spartak Zlatibor Serbien 3-3, 0-2
2009/10 Europa League Quali 2R HNK Rijeka Kroatien 1-0, 0-3
2007/08 UI-Cup 1R Slovan Bratislava Slowakei 0-2, 0-3

* Duerch d'Disqualifikatioun vun Olympiakos Volos ass Déifferdeng 03 an d'Play-Off Ronn komm

Aktuelle Kader[änneren | Quelltext änneren]

(Saison 2013/2014)

Gol Ofwier Mëttelfeld Ugrëff
Julien Weber Fransous
Yann Heil Lëtzebuerger
Lars Engel Lëtzebuerger
André Rodrigues Lëtzebuerger
Ante Bukvic Lëtzebuerger
Geoffrey Franzoni Fransous
Jean-Philippe Caillet Fransous
Tom Siebenaler Lëtzebuerger
Mehdi Martin Fransous
Jérémy Vilmain Fransous
Aldin Skenderovic Lëtzebuerger
Mathias Jänisch Lëtzebuerger
Michel Kettenmeyer Lëtzebuerger
Andy May Lëtzebuerger
Pedro Ribeiro Lëtzebuerger
Philippe Lebresne Fransous
Arthur Abreu Lëtzebuerger
Stéphane Gomez Lëtzebuerger
Gilles Bettmer Lëtzebuerger
Dejvid Sinani Lëtzebuerger
Antonio Luisi Lëtzebuerger
Omar Er Rafik Fransous
Gauthier Caron Fransous

Trainer[änneren | Quelltext änneren]

Bekannten ehemoleg Spiller[änneren | Quelltext änneren]

Jean Wagner Paolo Amodio Manou Schauls
Marcel Christophe Aurélien Joachim Dario Soraire
Carlo Pace Stéphane Leoni Kim Kintziger
Pierre Piskor Ibrahim Diop Yannick Bastos

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Referenzen[änneren | Quelltext änneren]

Foussball Veräiner an der BGL LIGUE (Nationaldivisoun) 2011/12  BGL Ligue
F91 Diddeleng | US Hueschtert | FC Déifferdeng 03 | Racing FC Union Lëtzebuerg | Swift Hesper | CS Gréiwemaacher | Progrès Nidderkuer | UN Käerjeng 97 | Jeunesse Esch | CS Péiteng |CS Fola Esch | US Rëmeleng | RM Hamm Benfica | Union 05 Keel-Téiteng