FC Etzella Ettelbréck

Vu Wikipedia
Etzella Ettelbréck
Etzella Ettelbréck
Offiziellen Numm: Football Club
Etzella Ettelbruck
Veräinsfaarwen: Wäiss-Blo
Grënnung: 21. Mee 1917
Stadion: Stade am Däich,
Ettelbréck
Plazen: 2 020
President: Tun Di Bari
Trainer: Neil Pattison (interim)
Saison: 2022/23
Positioun: 15. Plaz
Trikotsfaarwen
Trikotsfaarwen
Trikotsfaarwen
Trikotsfaarwen
Trikotsfaarwen
Éischt Uniform
Trikotsfaarwen
Trikotsfaarwen
Trikotsfaarwen
Trikotsfaarwen
Trikotsfaarwen
Zweet Uniform
Trikotsfaarwen
Trikotfarben
Trikotsfaarwen
Trikotsfaarwen
Trikotsfaarwen
Trikotsfaarwen
Ersatzuniform

Den FC Etzella Ettelbréck (offiziell F.C. Etzella Ettelbruck) ass e lëtzebuergesche Foussballclub vun Ettelbréck. De Veräi gouf den 21. Mee 1917 gegrënnt a spillt zanter 1935 an de Faarwe wäiss-blo.

Etzella respektiv Etzella Ettelbréck ass net nëmmen de geleefegen (kuerzen) Numm fir den Ettelbrécker Foussballclub, mä och dee vum Basketballclub BBC Etzella Ettelbréck an dem Dëschtennisveräin DT Etzella Ettelbréck.

Terraine vum Veräin[änneren | Quelltext änneren]

Am Ettelbrécker Sportszenter am Däich (Centre Sportif du Deich) si fënnef Terraine fir den FC Etzella disponibel. Den Haaptterrain, de Stade am Däich gouf den 8. September 1981 ageweit an huet haut eng Capacitéit vun 2020 Plazen. Dovu sinn der 1.020 Sëtzplazen (420 gedeckt) an 1.000 Stéiplazen. D'Dimensioune vum Terrain sinn 105 op 67 Meter. De Stade ass vun der UEFA fir international Matcher zougelooss.

Zu Ettelbréck gëtt zanter 1988 all Joer den Nationale Foussballdag fir Jugendekippen (Bambinis bis Scolaires) organiséiert.

Éischt Seniorsekipp[änneren | Quelltext änneren]

1971/72 spillen d'Ettelbrécker Seniore fir d'éischt Kéier an der Nationaldivisioun. Zéng Joer drop, 1980/81 fält d'Etzella an d'Éierepromotioun zeréck, packt 1982/83 nach eng Kéier den Opstig, mä trëllt d'Saison drop direkt erëm eraus.

1990/91 war Ettelbréck zwar Champion am éischte Bezierk vun der Éierepromotioun, dat ass nom deemolege Play-Off-System awer net fir en automatescht Avancement duergaangen. D'Etzella konnt sech um Enn net am Opstigs-Grupp behaapten an ass, wann och Champion, nawell zweetklassesch bliwwen. D'Saison drop gléckt den Opstig, mä d'Ekipp ka sech net halen a spillt zanter 1993/94 erëm Éierepromotioun. Dat sollt och bis d'Enn vum Joerdausend weider de Fall sinn.

1999/00 klëmmt d'Etzella, packt et 2000/01 op eng véiert Plaz an der Nationaldivisioun a klappt d'selwecht Joer Wolz mat 5-3 an der Coupefinall. 2001/02 fält de Coupegewënnner erëm aus der Nationaldivisioun eraus. D'Ettelbrécker Supporteren hu sech déi Kéier awer net alt ze laang gedëllege mussen, well schonn 2002/03 avancéiert de Veräin a bréngt et nach als Champion vun der Éierepromotioun bis an d'Finall vun der Coupe. De Match géint Gréiwemaacher goung mat 0-1 verluer.

E Joer méi spéit steet d'Etzella scho fir d'drëtt an der Finall vun der Coupe de Luxembourg, mä verléiert erëm, déi Kéier géint den F91 mat 1-3 (no Verlängerung). 2019 stoung d'Etzella eng véierte Kéier an der Finall vun der Coupe. Och déi Kéier gouf et eng Défaite géint den F91 (0-5).

Zanter 2004 ass Ettelbréck am Championnat ëmmer mat virbäi an huet hannereneen 2004, 2005, an 2006 am Titelgrupp mat fir de Champion gespillt. 2007 koum d'Etzella op eng zweet Plaz.

Den Haaptterrain Am Däich

Nationale Palmarès[änneren | Quelltext änneren]

Coupe de Luxembourg:

  • Gewënner (1x): 2001
  • Finalist (3x): 2001, 2003, 2004

Europäesch Kompetitiounen[änneren | Quelltext änneren]

Saison Kompetitioun Ronn Land Club Resultat
2001/02 UEFA Cup Q Legia Warschau 0-4, 1-2
2003/04 UEFA Cup Q NK Kamen Ingrad Velika 1-2, 0-7
2004/05 UEFA Cup 1Q FC Haka Valkeakoski 1-2, 1-3
2005/06 UEFA Cup 1Q Keflavík ÍF 0-4, 0-2
2006/07 UEFA Cup 1Q Åtvidabergs FF 0-4, 0-3
2007/08 UEFA Cup 1Q HJK Helsinki 0-2, 0-1

{{{1}}}

Dammenekipp[änneren | Quelltext änneren]

D'Dammenekipp vun Ettelbréck huet 2006/07 an der éischter Liga vum Dammechampionnat gespillt. Trainer war de Pietro Gentile. D'Uniforme vun den Damme sinn an de Faarwen identesch mat deene vun der éischter Seniorsekipp.

D'Etzella stoung tëscht 2002 an 2004 dräimol hannerenee géint Nidderkuer an der Coupefinall, huet sech awer eréischt 2004 mat engem 4-3 géint de Progrès duerchsetze kënnen.

Nationale Palmarès[änneren | Quelltext änneren]

Coupe de Luxembourg:

  • Gewënner (1x): 2004
  • Finalist (2x): 2002, 2003

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]