FC Green Boys 77 Harlange-Tarchamps

Vu Wikipedia
FC Green Boys 77 Harlange-Tarchamps
FC Green Boys 77 Harel-Iischpelt
Offiziellen Numm: Football Club Green Boys 77 Harlange-Tarchamps
Veräinsfaarwen: Gréng a Wäiss
Grënnung: 1977
Stadion: Am Duerf
Plazen: 1 100
President: Alain Lonsdorfer
Trainer: Rasim Kalabic
Liga: 2. Divisoun 1. Bezierk (2020/21)
Saison: 2019/20
Positioun: 12. (2. Divisioun 1. Bezierk)
Websäit: https://www.greenboys.net/
Trikotsfaarwen
Trikotsfaarwen
Trikotsfaarwen
Trikotsfaarwen
Trikotsfaarwen
Éischt Uniform
Trikotsfaarwen
Trikotsfaarwen
Trikotsfaarwen
Trikotsfaarwen
Trikotsfaarwen
Zweet Uniform
Trikotsfaarwen
Trikotsfaarwen
Trikotsfaarwen
Trikotsfaarwen
Trikotsfaarwen
Ersatzuniform

Den FC Green-Boys 77 (letz. FC Green Boys 77 Harel-Iischpelt) ass e Foussballveräi vun Harel an der Stauséigemeng am Éislek.

Geschicht[änneren | Quelltext änneren]

Den Hareler Veräi gouf de 14. Mee 1977 gegrënnt, nodeem per Referendum ofgestëmmt gouf an den F.C. Harlange 1963 vun Harel mam F.C. Tarwat Tarchamps 1948 vun Eeschpelt fusionéiert huet. Éischte President war den Armand Schmit vun Eeschpelt. Ufanks gouf ofwiesselnd zu Walter an Harel gespillt; zanter dem Bau vun der Regionalschoul Uewersauer am Joer 1997 spillt de Veräin zu Harel um Terrain Am Duerf seng Matcher. Deen neie Veräin huet an der 3. Divisioun mam Spillen ugefaangen.

Gréissten Erfolleg bleift bis elo d'Ereeche vun der Éierepromotioun. Dëst ass dem Veräin 1993 an 2010 gegléckt, béid Kéieren ass een awer direkt neess erausgefall.

Am Joer 2005 war den FC Green Boys 77 Gewënner vum Fair-Play Pokal vun der 1. Divisioun.

An der Saison 2009/2010 gouf zu Harel eng Dammenekipp gegrënnt, d'Green Girls. Am Dezember 2013 gouf d'Ekipp awer wéinst Manktem u Spillerinnen erëm ofgemellt.

Fir d'Saison 2013/2014 gouf de Grasterrain vum 1. Terrain "am Duerf" duerch ee syntheeteschen Terrain ersat. Gläichzäiteg gouf och eng Flutlichtanlag installéiert.

No der Saison 2014/15 sinn d'Green Boys no 18 Joer erëm an d'2. Divisioun gefall; an der Saison drop si s'als Tabelleleschte souguer an déi 3. Divisioun gefall. Am Joer vum 40. Anniversaire ass der Ekipp awer als Tabellenzweeten direkt erëm den Opstig gelongen.

Spillklassen[änneren | Quelltext änneren]

Bekannt Spiller[änneren | Quelltext änneren]

  • Chris Philipps - lëtzebuergeschen Nationalspiller a Profi bei Lommel SK; huet bis zum Alter vun 13 Joer zu Harel an der Jugend gespillt, ier en iwwer d'Etzella an d'Foussballsschoul vum FC Metz gaangen ass.
  • Romain Schneider - de lëtzebuergeschen LSAP-Politiker a Minister war an den 90er Jore Spiller an Trainer vun der 1. Ekipp.

Rivalitéiten[änneren | Quelltext änneren]

Den Haaptrival ass den A.S. Wëntger. Den FC Green Boys 77 huet och eng méi oder wéineger staark Rivalitéit mat dem FC Wolz 71, deen allerdings a méi héijen Divisioune spillt. An der Vergaangenheet sinn dacks Spiller vu Wolz op Harel gewiesselt. 2009 huet den FC Green Boys an der Coupe de Luxembourg géint den deemools zwou Divisioune méi héich klasséierte Wëlzer Rival gewonnen. Den 18. Oktober 2020 hu béid Veräiner nach emol an der Coupe géintenee gespillt. Déi Kéier gesouch et dogéint fir Harel (2. Divisioun) anescht aus: mat 0-8 waren déi Wëlzer (Nationaldivisioun) kloer méi staark.

Am Allgemenge besteet, trotz Rivalitéiten, eng grouss Frëndschaft mat alle Foussballveräiner aus dem Norden.

Supporter[änneren | Quelltext änneren]

De Supporterveräi vum FC Green Boys sinn d'Green Fanatics déi reegelméisseg bei Heem- an Auswäertsmatcher dobäi si fir hir Ekipp unzefeieren.