FC Monnerech

Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
Wiesselen op: Navigatioun, sichen
FC Monnerech
FC Monnerech
Offiziellen Numm: Football Club
Mondercange
Grënnung: 1933
Stadion: Stade Communal,
Monnerech
Plazen: 3 304
President: Jean-Claude Schanen
Trainer: Filipe Vila Verde
(zënter Dez. 2011)
Liga: Foussball Éierepromotioun
2010/11 Éierepromotioun, 8. Plaz
Trikotfarben
Trikotsfaarwen
Trikotfarben
Trikotsfaarwen
Trikotfarben
Trikotsfaarwen
Trikotsfaarwen
Trikotsfaarwen
Éischt Uniform
Trikotfarben
Trikotsfaarwen
Trikotfarben
Trikotsfaarwen
Trikotfarben
Trikotsfaarwen
Trikotsfaarwen
Trikotsfaarwen
Zweet Uniform
Trikotsfaarwen
Trikotfarben
Trikotsfaarwen
Trikotsfaarwen
Trikotsfaarwen
Trikotsfaarwen
Ersatzuniform

Den FC Monnerech (offiziell F.C. Mondercange) ass e lëtzebuergesche Foussballclub vu Monnerech a gouf 1933 gegrënnt.

De Veräin spillt seng Matcher am Stade Communal zu Monnerech. De Stade huet Plaz fir 3 304 Leit. Iwwerdeckt sinn 254 Sëtzplazen a 50 Stéiplazen.

Inhaltsverzeechnes

Éischt Seniorsequipe [änneren]

D'éischt Seniorsequipe vu Monnerech huet an den 80er Joren nach an der zweeter, 1985/86 esouguer nach drëtter Divisioun gespillt. Vun uganks de 90er un ass et dunn -mat e puer Réckschléi- de Bierg op gaangen. Nodeems den Opstig 1989/90 an d'éischt Divisioun gepackt war, klemmt Monnerech schonn an der Saison drop (1990/91) an d'Éierepromotioun, kann sech do awer net behaapten a fält direkt erëm eraus.

Tëscht 1994/95 an 1997/98 sinn déi Monnerecher nees an der Éierepromotioun a vun 1998/99 bis 2003/04 spillt de Club fir d'éischte Kéier an der Veräinsgeschicht an der Nationaldivisioun.

Enn der Saison 2005/06 wënnt Monnerech als Drëttplazéierten aus der Éierepromotioun de Barragematch géint de Leschten aus der Nationaldivisioun, den Avenir Beggen, mat 3-2 (no Verlängerung) an ass domat avancéiert. Monnerech konnt sech awer net halen a spillt 2007/08 nees zweetklassesch. 2009/10 war den FC Monnerech du nees éischtklassëg, konnt awer um Enn vun der Saison d'Klass leider net halen.

Nationale Palmarès [änneren]

Coupe de Luxembourg:

  • Finalist (2x): 1999, 2000

Europäesch Kompetitiounen [änneren]

Saison Kompetitioun Ronn Land Club Resultat
1999/00 UEFA Cup Q Flag of Romania.svg Dinamo Bukarest 2-6, 0-7

Q = Qualifikatioun

Dammenequipe [änneren]

Monnerech war ee vun den éischte Veräiner am Land déi eng Dammenequipe hat. D'Equipe gouf 1975/76 Champion am Dammechampionat. Am Ament (Abrëll 2007) huet de Club keng Dammenequipe ugemellt.

Nationale Palmarès [änneren]

Lëtzebuerger Champion:

  • Champion (1x): 1976
  • Vizechampion (1x): 1985
Foussball Veräiner an der Foussball Éierepromotioun 2011/12  Éierepromotioun
FC UNA Stroossen | Jeunesse Kanech | Young Boys Dikrech | FC 72 Ierpeldeng | FC Etzella Ettelbréck | FC Mamer 32 | Victoria Rouspert | CS Uewerkuer | CS Millebaach Lusitanos  | FC Monnerech | FC Koeppchen Wuermer | FC Wiltz 71 | FF Norden 02 Wäisswampech-Hëpperdang | US Munneref