FC Wolz 71

Vu Wikipedia
(Virugeleet vu(n) FC Wiltz 71)
Wolz 71
FC Wolz 71
Offiziellen Numm: Football Club Wiltz 71
Veräinsfaarwen: Rout-Wäiss
Grënnung: 1971
Stadion: Poetz,
Wegdichen
Plazen: 2 000
President: Michael Schenk
De Romain Schneider ass Éierepresident.
Trainer: Dan Huet (säit 2016/17)
Saison: 2022/23
Positioun: 10. Plaz
Trikotsfaarwen
Trikotsfaarwen
Trikotsfaarwen
Trikotsfaarwen
Trikotsfaarwen
Éischt Uniform
Trikotsfaarwen
Trikotsfaarwen
Trikotsfaarwen
Trikotsfaarwen
Trikotsfaarwen
Zweet Uniform
Trikotsfaarwen
Trikotfarben
Trikotsfaarwen
Trikotsfaarwen
Trikotsfaarwen
Trikotsfaarwen
Ersatzuniform

Den FC Wolz 71 (offiziell F.C. Wiltz 71) ass e lëtzebuergesche Foussballclub vu Wolz. De Veräin ass 1971 aus der Fusioun vun de Clibb aus der Wëlzer Gemeng, der Union Sportive Niederwiltz vun Nidderwolz an dem Gold a Ro'd Wiltz vu Wolz selwer entstanen. 1976 huet sech dunn nach de Foussballclub vu Wegdichen, d'Arminia Weidingen dem Fusiounsveräin ugeschloss.

D'éischt Ekipp vu Wolz ass 1972/73 an d'éischt Divisioun, 1978/79 dunn an d'Éierepromotioun gestigen. 1981/82, nëmmen eng zéng Joer no der Fusioun, hunn déi Wëlzer hir éischt Saison Nationaldivisioun gespillt. Zanterhier ass de Club zwar véiermol aus der ieweschter Divisioun erausgerutscht (1985, 1987, 1992, 2001), huet sech awer meeschtens ni ze laang an der Éierepromotioun opgehalen[1] a bis ewell ëmmer nees den Opstig zeréck an d'Nationaldivisioun gepackt. An der Saison 2015/16 huet de Veräi fir d'lescht an der BGL Ligue gespillt.

Gréisste Succès an der Veräinsgeschicht war d'Erreeche vun der Coupefinall 2000/2001 an där sech um Enn awer d'Ettelbrécker Etzella mat 5-3 duerchsetze konnt.

Wolz huet nach ni bei enger europäescher Clubkompetitioun matmaache kënnen.

D'Championnatsmatcher vun der éischter Ekipp goufe bis Oktober 2015 um Terrain Géitzt zu Nidderwolz gespillt. Den Terrain war am Ganze fir 2 000 Leit zougelooss, wouvunner 500 Plaze Stéiplazen op der Tribün waren. Net wäit vum Haaptterrain ewech louch en zweeten Terrain mat syntheeteschem Wues. Dës Terraine maache Plaz fir e Wunnquartier.

De 25. Oktober 2015 huet de Veräi fir déi éischte Kéier um neien Terrain Poetz zu Wegdichen gespillt.[2] Nieft dem Haaptterrain, sinn op dësem Sportkomplex nach zwee weider Trainingsterrainen, dovun ee mat syntheeteschem Wues.

Nationale Palmarès[änneren | Quelltext änneren]

Coupe de Luxembourg:

  • Finalist (1x): 2001

Rekorder an der BGL Ligue (Stand: Januar 2015)[änneren | Quelltext änneren]

  • Wolz huet déi héchsten Néierlag an der Geschicht vun der BGL-Ligue missen astiechen: den 21. November 2010 gouf d'Ekipp zu Diddeleng vum F91 Diddeleng mat 15:0 iwwerrannt.[3]
  • Déi héchst Victoire konnt den FC Wolz de 15. Mee 1983 mat engem 6:0 géint Alliance Diddeleng feieren.
  • Rekordspiller ass de Marc Gira mat 253 Asätz an der Nationaldivisioun (tëscht 1984 an 2006).
  • Déi meeschte Goaler fir de Veräin huet de Franco Iovino geschoss (81 Goaler).

Bekannt fréier Spiller[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Referenzen an Notten[Quelltext änneren]

  1. 1987/88 bis 1990/91 war bis ewell déi längst Period an där Wolz, no 1981, Éierepromotioun gespillt huet. (Stand: 2007)
  2. FC Wiltz 71 - RM Hamm Benfica 0:1 25.10.2015, Eischte Match um neien Terrain "Poetz", transfermarkt.de
  3. F91 Diddeleng - FC Wolz 71 15:0 21.11.2010, transfermarkt.de