FC Wolz 71

Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
Wiesselen op: Navigatioun, sichen
Wolz 71
FC Wolz 71
Offiziellen Numm: Football Club Wiltz 71
Veräinsfaarwen: Rout-Wäiss
Grënnung: 1971
Stadion: Terrain Géitzt,
Nidderwolz
Plazen: 2 000
President: Henri Roemer
De Romain Schneider ass Éierepresident.
Trainer: Joël Crahay
Liga: Éierepromotioun
2010/11 Nationaldivisioun, 13. Plaz
Trikotsfaarwen
Trikotsfaarwen
Trikotsfaarwen
Trikotsfaarwen
Trikotsfaarwen
Éischt Uniform
Trikotsfaarwen
Trikotsfaarwen
Trikotsfaarwen
Trikotsfaarwen
Trikotsfaarwen
Zweet Uniform
Trikotsfaarwen
Trikotfarben
Trikotsfaarwen
Trikotsfaarwen
Trikotsfaarwen
Trikotsfaarwen
Ersatzuniform

Den FC Wolz 71 (offiziell F.C. Wiltz 71) ass e lëtzebuergesche Foussballclub vu Wolz. De Veräin ass 1971 aus der Fusioun vun de Clibb aus der Wëlzer Gemeng, der Union Sportive Niederwiltz vun Nidderwolz an dem Gold a Ro'd Wiltz vu Wolz selwer entstanen. 1976 huet sech dunn nach de Foussballclub vu Wegdichen, d'Arminia Weidingen dem Fusiounsveräin ugeschloss.

D'éischt Equipe vu Wolz ass 1972/73 an d'éischt Divisioun, 1978/79 dunn an d'Éierepromotioun gestigen. 1981/82, nëmmen eng zéng Joer no der Fusioun, hunn déi Wëlzer hir éischt Saison Nationaldivisioun gespillt. Zënterhier ass de Club zwar véiermol aus der ieweschter Divisioun erausgerutscht (1985, 1987, 1992, 2001), huet sech awer meeschtens ni ze laang an der Éierepromotioun opgehal [1] a bis ewell ëmmer nees den Opstig zeréck an d'Nationaldivisioun gepackt.

Gréisste Succès an der Veräinsgeschicht war d'Erreeche vun der Coupefinale 2000/2001 an där sech um Enn awer d'Ettelbrécker Etzella mat 5-3 duerchsetze konnt.

Wolz huet nach ni bei enger europäescher Clubkompetitioun matmaache kënnen.

D'Championatsmatcher vun der éischter Equipe ginn um Terrain Géitzt zu Nidderwolz gespillt. Den Terrain ass am Ganze fir 2 000 Leit zougelooss, dovu sinn 500 Plaze Stéiplazen op der Tribün. Net wäit vum Haaptterrain ewech läit en zweeten Terrain mat syntheteschem Wues. Zu Wegdichen huet de Club en drëtt Spillfeld, den Terrain Poetz (keng Beliichtung).

[änneren] Nationale Palmarès

Coupe de Luxembourg:

  • Finalist (1x): 2001

[änneren] Um Spaweck

[änneren] Notizen a Referenzen

  1. 1987/88 bis 1990/91 war bis ewell déi längst Period an där Wolz, no 1981, Éierepromotioun gespillt huet. (Stand: 2007)
Foussball Veräiner an der Foussball Éierepromotioun 2011/12  Éierepromotioun
FC UNA Stroossen | Jeunesse Kanech | Young Boys Dikrech | FC 72 Ierpeldeng | FC Etzella Ettelbréck | FC Mamer 32 | Victoria Rouspert | CS Uewerkuer | CS Millebaach Lusitanos  | FC Monnerech | FC Koeppchen Wuermer | FC Wiltz 71 | FF Norden 02 Wäisswampech-Hëpperdang | US Munneref
Perséinlech Tools
Nummraim

Varianten
Aktiounen
Navigatioun
Geschirkëscht
An anere Sproochen