FIFA World Cup

Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
Wiesselen op: Navigatioun, sichen

De FIFA World Cup ass d'Coupe vun der Foussball-Weltmeeschterschaft, déi zënter 1974 vergi gëtt.

Inhaltsverzeechnes

Ausgesin [änneren]

De 1971 vum Italiener Silvio Gazzanigi crééierte FIFA World Cup-Pokal ass eng gëlle Statu. D'Coupe besteet aus 18-Karat Gold a Malachitsteng, ass 36 cm héich a weit 5 kg. Si weist zwee triumphéierend Foussballspiller, déi zesummen d'Weltkugel an hiren ausgestreckten Hänn halen.

Wäert [änneren]

Nëmmen den amtéierende Weltmeeschter kritt den 10 Mio. Dollar deiere Pokal fir véier Joer ausgehännegt. Nodeems en de Pokal un de neie Weltmeeschter rem muss ofginn, erhält d'Land e vergold Replikat vum Original. Alleng d'Hierstellung kascht 50.000 US-Dollar. No 2038 ass keng Plaz méi um Sockel vun der Coupe fir e weidere Gewënner anzedroen.

Gewënner [änneren]

Virgänger [änneren]

Virgänger vum FIFA World Cup war d'Coupe Jules Rimet. Dës gouf bei de Foussball-Weltmeeschterschaften vu 1930 bis 1970 vergin. Se gouf nom fréiere FIFA-President Jules Rimet benannt.