Fédération nationale des éclaireurs et éclaireuses du Luxembourg
D'Fédération nationale des éclaireurs et éclaireuses du Luxembourg, kuerz FNEL, ass déi laizistesch Scoutsorganisatioun vu Lëtzebuerg. D'FNEL gouf den 30. Juli 1916 am Café du Commerce an der Stad vun eenzelne Scoutsgruppe gegrënnt.
Inhaltsverzeechnes |
[änneren] Geschicht
1914 : De Joseph Tockert grënnt Les Éclaireurs de l'Athenée, déi éischt lëtzebuerger Scoutsgrupp.
1916 : Eenzel Scoutsgruppen setze sech zesummen a grënnen de 30. Juli d'Fédération nationale des éclaireurs du Luxembourg.
1966 : D'Fédération nationale des éclaireurs du Luxembourg hëlt och Meedercher an hir Beweegung op.
1976 : D'Federatioun gëtt sech hiren neien Numm Fédération nationale des éclaireurs et éclaireuses du Luxembourg.
2008 : De fréiere Logo mat den heednesche Symboler (deemools en Zeeche géint déi chrëschtlech Scoute vun de Lëtzebuerger Guiden a Scouten) gëtt duerch en neien, neutrale Logo ersat an nei, gro Hiemer ginn agefouert.
2012 : D'AGGL, Association of Girl Guides of Luxembourg, gëtt un d'FNEL affiliéiert.
[änneren] Ziler an Aktivitéiten
"But the real way to get happiness is by giving out happiness to other people.
Try and leave this world a little better than you found it ...[1]"
D'FNEL wëllt dozou bäidroen datt jonk Leit hir eegen Entwécklung selwer an d'Hand huelen, fir datt si sech zu selbstänneg, responsabel an engagéiert Bierger entwéckelen. D'FNEL bitt de verschiddenen Altersgruppen ugepasste Programmer un, déi sech haaptsächlech a klengen Equippen an der Natur ofspillen. D'Motto vun der FNEL ass: "Trei zum Land". D'FNEL ass fir jiddereen op.
D'Aktivitéite vun der FNEL baséieren op Wäerter a Methoden vum Scoutissem:
- Frëndschaft
- Solidaritéit
- Toleranz
- Demokratie
- Spill a Spaass
- Learning by doing
- Benevolat
Dozou gehéiere geméiss den Iddie vum Baden-Powell och d'Scoutsverspriechen an d'Scoutsgesetz[2]:
- De Scout engagéiert sech fräiwëlleg fir d'Wäerter an d'Ziler vum Scoutissem.
[änneren] Opbau vun der FNEL
[änneren] Gruppen
D'FNEL besteet aus ënnerschiddlech grousse Gruppen, déi geographesch organiséiert sinn. Déi meeschte Gruppen benennen sech no engem Déier.
[änneren] Branchen
Déi eenzel Gruppen hirersäits bestinn aus de folgende Branchen:
| Beaver | Meedercher a Jonge vu 6 bis 8 Joer |
| Wëllefcher | Meedercher a Jonge vun 8 bis 11 Joer. |
| Scouten / Guiden | Meedercher a Jonge vun 11 bis 15 Joer |
| Explorer | Jonker tëscht 15 an 18 Joer. |
| Rover | Erwuessener tëscht 19 bis 26 Joer |
[änneren] Comité
[änneren] Amicale
D'Amicale vun der FNEL besteet aus fréiere Memberen, Elteren a Frënn. Si organiséiert Fester a gëtt der Organisatioun finanziell Hëllef.
[änneren] Formatioun
D'Cheffe vun der FNEL schaffe benevol. Si maachen eng vum Staat unerkannte Formatioun[3] vu ronn 12 Deeg, déi sech iwwert 2 Joer erstrecken.
D'Formatioun besteet aus prakteschen an theoretesche Coursen, z.B.:
- Wéi organiséieren ech e Camp, eng Versammlung?
- D'Entwécklung vum Kand oder vum Jugendlechen.
- Animatioun
- Administratioun
- Kommunikatioun
- Naturpedagogik
- Scoutstechniken:
- Kaart a Kompass
- Hygiène
- Spiller
- Lidder
- Bastelen
- Kniet
[änneren] Um Spaweck
- D'Geschicht vun der FNEL, archivéiert
- D'Websäit vun der FNEL
- D'Websäit vun der FNEL ONDG
- D'Websäit vum Misaershaff, dem Formatiounszenter vun der FNEL
[änneren] Referenzen
- ↑ "... and when your turn comes to die, you can die happy in feeling that at any rate you have not wasted your time but have done your best". Dëst ass en Auszuch aus Notizen, déi nom Baden-Powell sengem Doud fonnt gi sinn. Cf. d'Notizen op wikisource
- ↑ D'Scoutsgesetz ass keen Zwang, mee weist him d’Ziler déi hie soll ustriewen.
- ↑ De Brevet d'animateur respektiv de Brevet d'aide animateur.
