FN Herstal

Vu Wikipedia
Wiesselen op: Navigatioun, sichen
D'Portal vun FN zu Herstal

D'Fabrique Nationale d'Armes de Guerre ass eng Manufaktur zu Herstal an der Provënz Léck. Obscho si haaptsächlech als Waffefabréck bekannt ass, huet si am Laf vun hirer Entwécklung ënner anerem och Vëloen a Motorieder gebaut, an huet sech zanter 1919 fir d'Aeronautic intresséiert. Aus dësem Intressegebitt huet sech spéider Techspace Aero entwéckelt, eng héich qualifizéiert Firma déi Prezisioundeeler fir d'Rakéit Ariane liwwert, an déi am Ufank en Departement vun FN war.

Geschicht[änneren | Quelltext änneren]

D'Grënnung vun FN fält an eng Zäit, an där am Lécker Raum d'Industrie e groussen Opschwonk erlieft huet. Zu Seraing bei Léck goufen déi éischt belsch Lokomotive gebaut, an enger Fabréck déi den Numm vum Floss Meuse, ugeholl hat. De Zénobe Gramme huet och ëm déi Zäit (1869), den Dynamo erfonnt.

Am Joer 1888 war dunn eng Commande vun dem belsche Staat, dee säi Waffenarsenal erneiere wollt, d'Ursaach vun der Grënnung vun FN.

Dëst koum awer net vun ongeféier. Schonn 1520 hat de Lécker Erfinder Sébastien de Corbion déi éischt Pistoul gebaut. Wéi dunn d'Industrialiséierung sech weider entwéckelt huet, ass Produktioun an allen Domänen, am Dall vun der Meuse wou d'Waasserkraaft konnt ausgenotzt ginn, séier an d'Luucht gaangen. Och déi Lécker Armurieren hu vun där Entwécklung profitéiert. D'Masseproduktioun ass méi einfach ginn, an ausser datt se sech ëm d'Verschéinerung vun de Waffe bekëmmert hunn, (déi Lécker Ciseleuren hunn um héchsten Niveau geschafft), hu se och alles drugesat fir prezis an zouverlässeg Schosswaffen ze produzéieren.

Sou koum et datt tëscht 1775 a 1783 zur Zäit vum amerikaneschen Onofhängegkeetskrich zu Léck iwwer 200.000 Gewierer fir den Export an Amerika gebaut goufen.

Während der franséischer Revolutioun an de Kricher déi se mat sech bruecht huet, sinn Staatswaffemanufakturen net méi mat produzéieren nokomm, sou datt si hu misse Commanden un de Privatsecteur weiderginn. Dëst konnt awer nëmme gemaach ginn andeems si d'Iwwersiicht behalen hunn, douerch datt si d'Critèren no deenen d'Waffen hu misse gebaut ginn permanent kontrolléiere konnten.

Sou huet missen zanter 1794 all Waff déi gebaut gouf, der Agence de vérification militaire presentéiert ginn. En Dekret vum Napoléon am Joer 1810, huet bestëmmt datt all Waff misst éier se ka verkaaft ginn, op e Préifstand kommen.

1846 huet en arrêté royal déi Aufgab engem ëffentlechen Institut, dat vun de Fabrikante geréiert gouf, iwwerginn. De Status vum Banc d'épeuves gouf duerch e Gesetz vun 1888 definéiert a säi Sëtz gouf op Léck verluecht, wou en haut och nach ass, an zoustänneg ass fir all Waff déi an der Belsch an zu Lëtzebuerg verkaaft gëtt.

Wéi dunn de belsche Staat 1888 bei de Lécker Waffeproduzenten eng Commande vun 150.000 Repetitiounsgewierer gemaach huet, hunn déi sech am Joer duerno zesummegeschloss an d'Fabrique Nationale d'Armes de Guerre (FN) gegrënnt.

Si hunn dunn am Ufank ënner Lizenz de Mauser gebaut, eng Entwécklung vun de Mauser Waffenwerke (Ludwig Loewe & Cie).

No verschiddene Meenungverschiddenheeten, huet dunn déi Firma, déi eng vun de Gréissten déizäit an Europa war, FN komplett iwwerholl.

1896[änneren | Quelltext änneren]

Vun 1896 un huet FN sech an d'Vëloskonstruktioun lancéiert, eng Aktivitéit déi drësseg Joer dauere sollt. Am bekanntste war de Vëlo oni Ketten, deen déizäit an der Belsch zum Equipement vun de Polizisten an de Bréifdréier, gehéiert huet.

1897, vum Vëlo bei d'Pistoul[änneren | Quelltext änneren]

De Browning-Logo virun der Part vun FN

Am Joer 1897 huet FN den Directeur Commercial an Amerika geschéckt fir datt hie sech sollt iwwer d'Perfektiounen informéieren déi do an der Vëloskonstruktioun gemaach goufen. Op där Rees huet hie Bekanntschaft mat dem John Moses Browning gemaach, deen eng hallefautomatesch Pistoul erfonnt hat. Véier Méint no senger Rees, de 17. Juni 1897, gouf e Konkrakt mat der amerikanescher Firma gemaach, an FN konnt ënner Lizenz déi Pistoul am Kaliber 7,65 mm bauen. D'Produktioun ass 1899 ugelaf a bis 1912 war eng Millioun vun där Waff gebaut ginn. Eng Weiderentwécklung vun der 7,65 mm Pistoul war, vun 1935 un, den 9 mm Kaliber (Grande Puissance), dee vill Arméien a Polizeicorpsen equipéiert huet.

1900[änneren | Quelltext änneren]

Vun 1897 un haten d'Ingenieure vun FN sech scho Gedanken iwwer d'Konstruktioun vu motoriséierte Gefierer gemaach. Sou koum et datt 1900 den Departement Sports gegrënnt gouf, an deem och d'motoriséiert Gefierer mat abegraff waren.

Zwee Joer mé spéit gouf den éischten Auto gebaut. Kuerz duerno koumen d'Motorrieder dobäi. Et goufen och seriewäis Camionen, Autobussen, Trolleybussen a Spezialgefierer fir d'Arméi gebaut.

Waffen déi gebaut goufen[änneren | Quelltext änneren]

Ausser dem Browning 7,65 mm an dem Browning GP 9 mm huet FN nach de FAL, de P 90, d'Mitrailleuse MAG 58 a Minimi, en hallefautomatescht Gewier vu Browning mat 5 Schëss, an de BAR-Karabiner gebaut.

D'Produktioun vum BAR gouf 1967 lancéiert a bis 2004 war eng Millioun produzéiert ginn. Fir dat ze feieren an niewebäi och nach e Geschäft ze maachen huet FN zwou commemorativ Sérië vun 250 Stéck BAR Short Trac calibre .270WSM, a Long Trac calibre .30-06 op de Maart bruecht. Déi Waffe waren an enger luxuriéiser Ausféierung an d'Ciselagë goufe vun der Bernadette Romainville kreéiert.

Eng eenzeg Waff (Serie one of one), de Karabiner mat der Nummer BAR 1.000.000, déi vum Haaptciseleur vun FN dem Dany Matagne perséinlech gravéiert gouf, an op Basis vun dem BAR MK1 Kaliber .300WM gebaut gouf, ass iwwer eng Stee un där just agréeiert Armuriere konnten deelhuele verkaaft ginn. Als Ufankspräis ware 16.000 Euro ugesot.

FN an d'Aeronautik[änneren | Quelltext änneren]

Schonn 1919 hat FN als Grënnungmember vun der S.A.B.C.A. säin Intressi op deem Gebitt manifestéiert. Et sollt awer bis 1948 dauere bis se richteg op deem Gebitt aktiv goufen.

Et war wéi schonn 1888 eng Commande vun der Belscher Regierung an Zesummenaarbecht mat der britescher Firma Rolls Royce déi den Impuls fir déi Aktivitéit geliwwert huet.

Geschichtlech Hannergrënn[änneren | Quelltext änneren]

Zerstéierung vun der Fabréck duerch V2-Rakéiten, am Ganze waren der 27 zu Léck ageschloen, an den technologesche Retard, bedéngt duerch d'Krichsjoren, hunn e Redemarrage nom Zweete Weltkrich schwéier gemaach. D'Konkurenz déi a grousse Stéckzuele serieméisseg Gefierer gebaut huet, huet och nach dozou bäigedroen datt FN sech nëmme ganz lues eropkrabbele konnt.

Eng nei Chance huet sech du presentéiert wéi déi belsch Force Aérienne an déi hollännesch Koninklijke Luchtmacht hir Spitfirefligeren duerch Düsejeeër ersetze wollten.

De Choix vum Fliger[änneren | Quelltext änneren]

Eng Gloster Meteor F MK 8 am "Dansk Veteranflysamling"

Zesummen haten déi zwou Arméien decidéiert sech mat Gloster Meteor z'équippéieren. Dëst war e Fliger dee schonn am Krich geflunn war an dat britescht Géigestéck zur däitscher Messerschmitt Me 262 war. D'Hollänner hunn de Fliger scho kannt well am Krich zanter Februar 1945 eng Staffel an Holland stationéiert war, an der och e puer op enger Base an der Belsch stoungen.

Déi belsch Regierung hat do bei der Decisioun d'Nues vir, an huet sech beim Kontrakt ausgehalen, datt d'Motore vum Typ Rolls Royce Derwent, vun deenen der all Meteor zwéin hat, sollten zu Herstal gebaut ginn.

Et war der gudder Relatioun vun der belscher Exil-Regierung mat de Briten, an der Tatsaach datt belsch Dirigente vun FN déi am Krich zu London waren, do e Büro opgemaach haten, deen awer vun Englänner gefouert gouf, ze verdanken datt dee Kontrakt sou gelaf ass.

No engem Besuch bei Rolls Royce am Summer 1948 gouf dunn decidéiert datt déi éischt Motore sollten Enn 1949 geliwwert ginn. Dat war eng grouss Erausfuerderung fir FN, déi wéinegst Techniker konnte genuch englesch a sou huet missen mol Schoul gehale ginn. D'Divison Moteurs huet missen nei Gebaier kréien. Dës goufen um Pré Madame oprgeriicht. Eleng fir d'Konzeptioun vun den Aarbechtsmethoden a fir d'Fabrikatioun vum néidegen Handwierksgeschir si 37.000 Aarbechtsstonne gebraucht ginn, dovun 70.000 a Soustraitance baussent der Fabréck.

Ee grousse Retard haten déi Lécker sech selwer ze verdanken. Well hinnen déi englesch Methode bei der Fabrikatioun vum Handwierksgeschir, dat fir de Bau vun de Turbinneschëppen gebraucht gouf, ze vill pragmatesch virkoum, hunn se aner Léisunge gesicht. Sechs Méint méi spéit hate se dunn eng Millioun belsch Frang an déi Sich no bessere Methode gestach an d'Resultat war Null. D'Englänner déi dat matkruten hunn dunn hirem Humor fräie Laf gelooss mat dem Commentaire: With a little effort you can make it impossible.

Dat war awer den eenzegen interne Problem dee während der ganzer Konstruktiounspériod virkoum.

Eng kleng Bremms krute se awer 1951 nach, duerch dräi wichteg Deeler, déi hinne beim Zesummebau gefeelt hunn, well den engleschen Zouliwwerer Lucas eng Rupture de Stock hat. Déi war bedéngt duerch de grousse Verbrauch vun Ersatzdeeler am Koreakrich.

Dat huet mat sech bruecht datt deelweis iwwer 60 Motoren an de Montagehale stoungen an net konnten ausgeliwwert ginn. FN hut sech du selwer dohanner gesat fir dës Stécker ze produzéieren. Et waren d'Pompel fir de Brennstoff, e Quantitéitsregeler, an d'Beschleunigungs-Soupape. Mä just wéi si amstand waren dës Stécker kënnen ze fabrizéieren huet Lucas erëm ufaange mat liwweren. D'Méi war awer net ganz ëmsoss weel si haten dodobäi geléiert héich prezis Deeler hierzestellen, wat sech positiv fir d'Zukunft vun der Firma ausgewierkt huet.

1954 nëmme 5 Joer nodeem d'Produktioun ugelaf war gouf den 9. Dezember den dausenste Motor geliwwert. Déi hollännesch a Belsch Arméi krut am Ganze 402 Gloster Meteor geliwwert.

De Préifstand vir d'Motore war an dem Fort de Liers deen zum klénge Lécker Festungsrank gehéiert huet, ageriicht ginn. Dëse Site net wäit vu Brialmont ewech louch zimlech isoléiert an der Gewan, sou datt de Kaméidi kee gestéiert huet, an en hat den Avantage datt en net wäit vun der Fabréck ewech war.

De Programm Avon[änneren | Quelltext änneren]

En Hawker Hunter

D'militäresch Operatioune während dem Koreakrich, hate bewisen datt déi europäesch Fligeren zu deenen och de Gloster Meteor gehéiert huet, iwwerlieft waren. Do hunn déi belsch an déi hollännesch Arméi, decidéiert fir sech mat engem neie Jeeër z'equipéieren. D'Wiel ass op en eemoteregen Jet vun Hawker - Siddeley, den Hunter gefall. Dëse Fliger war mat Rolls Royce-Motore vum Tip Avon equipéiert. Et goufen zwéin Tipe vun dësem Fliger. Den F 4 an den F 6. Ofhängeg vun de Versiounen haten déi Motoren 3.630 kp oder 4.535 kp Schub.

Et war den éischten Iwwerschallfliger um Niveau vum Mier, deen d'belsch an hollännesch Loftwaff krut. Et goufen 112 F 4 an 144 F6 bestallt. Well d'Experienz vum Bau fir Motore fir de Meteor, zur allgemenger Zefriddenheet ausgefall war, krut FN d'Charge fir déi nei Fligere mat dem Avon-Motor z'équippéieren.

Rolls Royce huet doropshi bei FN 320 Avonmotore vun der Serie 113, an 315 Motore vun der Serie 203 bestallt.

Well FN déi éischt Kéier mat dem Handwierksgeschir fir Feinmechanik Léiergeld ginn hat, ass mat Rolls Royce ausgemaach ginn, datt déi de Kompresser sollte liwweren. Den neie Motor hat en Axialkompresser dee méi laang war wéi déi zwéin Zentrifugalkompressere vum Meteor. Dat huet mat sech bruecht datt d'Wierkbänken hu missen ëmgebaut ginn. Och de Préifstand zu Liers war net méi grouss genuch, an huet misse, well d'Avon-Motore méi staark waren, a méi eng grouss Quantitéit Loft ausgestouss hunn, ganz ëmgebaut ginn.

Den August 1955 gouf mat der Liwwerung ugefaangen, a bis Januar 1959 goufe pro Mount 13 Motere geliwwert.

D'Kompetenz an déi gentlemen-like Verhandlungsweis vun den Englänner, hunn dozou bäigedroen, datt Problemer sou séier wéi méiglech geregelt goufen. Vu juritesche Problemer ass ni riets gaangen.

Joren 1959 - 1962[änneren | Quelltext änneren]

Eng Fouga Magister
En Avro-CF 100

Vun 1959 - 62 gouf et méi roueg bei FN. Well ëmmer manner Meteoren am Déngscht waren, huet praktesch keng Maintenance méi vun dëse Fligermotore musse gemaach ginn. D'Produktioun vun den Ersatzmotoren an den Ersatzdeeler fir den Hunter, ass och och op en Enn gaangen. D'Maintenance vun den Avon-Motoren huet zwar nach Aarbecht bruecht, konnt awer d'Firma net ganz auslaaschten.

Fir sech iwwer Waasser ze halen, huet FN nach vun der belscher Loftwaff d'Maintenance vun de Motoren Orenda vun 53 Canuck dei a Kanada kaaft gi waren, ze maache kritt. Dobäi koum och den Entretien vu 45 Marboré-Motoren déi den Trainingsfliger Fouga Magister equipéiert hunn.

Am grousse Ganzen hat FN grad sou wéi aner Firmaen an der Belsch ënner der schlechter Economie, an dem sozialen Ëmschwonk vun deene Joren ze leiden. Besser goung et eréischt erëm vun 1962 un, mam Bau vun de Motore fir de Starfighter F 104.

D'Geschäft vum Joerhonnert[änneren | Quelltext änneren]

Den Impuls fir dëst Geschäft huet eng amerikanesch Virgeschicht.

Am Koreakrich hunn d'USA déi vun no dem Zweete Weltkrich net vill an d'Entwécklung vun den Düsejeeër investéiert haten, festgestallt datt hiert Fligermaterial net der néister Technologie entsprach huet. A ganz kuerzer Zäit hu se dunn dee Retard opgeholl, an erëm d'Virhand krut. Ee vun de wichtege Schrëtt dobäi war d'Entwécklung vum sougenannten Nobrenner. Déi Zäit hate just d'Amerikaner an d'Russen déi néideg ausgebilte Fachleit, an d'Technologie zur Verfügung, fir op engem héijen Niveau ze schaffen.

Am Kontext vun der ugespaanter Lag tëscht Ost a West, war et Zäit ginn, drun ze denken, besonnesch déi däitsch Luftwaffe am Kader vun der NATO, mat moderne Jeeëren z'equipéieren. Well Amerika an der Nato déi Zäit déck d'Soen hat, ass et net verwonnerlech datt de Choix sollt op en amerikanesche Modell falen ass. D'Konkurenz bei den aneren NATO's-Membere war och net ganz grouss. Just d'Fransousen hate mat dem Mirage III eng Maschinn, déi den amerikanesche Modeller d'Waasser konnt reechen.

Dëse Fliger sollt an enger grousser Stéckzuel produzéiert ginn, fir gläichzäiteg d'Belsch, Holland, Däitschland an Italien mat den neie Fligeren z'equipéieren.

En Demonstratiouns-Starfighter

An der Entscheedung fir de Modell huet d'Preferenz vun der däitscher Luftwaffe déi 1955 an d'NATO opgeholl gi war, an déi déi gréisst Stéckzuel sollt kréien (710 Fligeren), fir den amerikanesche Modell F-104 Starfighter, d'Decisoun erbäigefouert.

Wann och ugaangs 1960 nach näischt offiziell festgehale war, stoung d'Decisioun awer deemools praktesch fest, den difinitivem Accord gouf den 2. Juli 1960 ënnerschriwwen. Deemools ass den den Ausdrock Geschäft vum Joerhonnert fir d'éischt an der belscher Press gebraucht ginn.

D'Bestellunge vun de verschiddene Länner hunn iwwer 1.067 Fligeren ausgemaach, folgendermoossen opgedeelt:

  • Däitschland: 710 Fligeren a verschiddenen Ausféierungen.
  • Belsch: 100 Kampfligeren an de Versiounen Offangjeeër a Bommejeeër, plus 12 Trainingfligere mat zwou Piloteplazen.
  • Holland: 110 Stéck
  • Italien sollt an engem zweeten Deel mat 125 Apparate beliwwert ginn.

Vun dëser Commande, huet FN am Ganze 46 % vun de Motordeeler produzéiert. Et waren dëst déi sougennante Warem Deeler an d'Rotatiounsdeeler.

Bei dem Motor huet et sech ëm de J79-IIA vun General Electrics gedréint, mat engem normale Schub vu 4.500 kg, a mat Nobrenner vu 7.200 kg.

Den Handel mat der General Electrics war awer net einfach. Am Géigesaz zu Rolls Royce déi onkomplizéiert virgaangen, an ëmmer am grousse Vertraue mat FN geschafft hat, ass General Electrics de lescht Spéngelskapp oprafe gaangen. Der General Electric hir Juristen hunn alles duerch dat rengst Sift goe gelooss, FN huet guer keng Informatioun krut dees de Lizenzaccord war ënnerschriwwen, a General Electrics war drop beduecht fir datt si nëmme keng Responsabilitéit konnten zougeschoustert kréien, bei de Motoren, déi ënner hirer Lizenz bei FN gebaut goufen.

D'Spionage vun FN[änneren | Quelltext änneren]

An der Zäit, wéi FN nach ëmmer mat General Electrics wéinst der Lizenz verhandelt huet, war de Kontrakt tëscht General Electrics an der däitscher Regierung fir d'Fabrikatioun vun enger Partie vun de Motore bei BMW schonn ënnerschriwwen, wat mat sech bruecht huet, datt déi schonn d'Pläng haten a konnten ufänke mat produzéieren.

Fir net ze vill Retard ze kréien sinn dunn der FN hir Agenten déi scho méi laang an Däitschland aktiv waren an Aktioun getrueden. Si hunn et fäerdeg bruecht, fir ee Saz Pläng ze kréien, déi zu Köln an engem Safe verstoppt goufen.

Ënner strenger Geheimhaltung ass du regelméisseg e klenge Staff vun Techniker vun Herstal op Köln gepilgert, fir d'Pläng ze kucken.

Et huet dunn och net ganz laang gedauert bis d'Pläng zu Herstal waren, an intensiv konnte studéiert ginn. Déi ganz Aktioun huet et FN erméiglecht 3 Méint Zäit beim Demarrage vum Programm ze spueren.

D'Aarbecht duerno an de Risiko[änneren | Quelltext änneren]

D'Turbinn vun emgem F 104

Duerno war d'Vertrauen vun der Herstaller Fabréck ganz grouss, well si huet ugefaangen ze produzéieren ouni d'Commande vum Belsche Staat ze hunn, déi hinnen och déi néideg finanziell Grantie ginn hätt. Et sollten nämlech och nach Kontrakter fir d'Bewaffnung ausgehandelt ginn, awer doriwwer waren déi verschidde Regierunge sech nach net eens.

Dozou koum datt déi belsch Regierung agrousse Schwieregkeete stoung, haaptsächlech weinst de Streiken am Wanter 1960 , an der Onofhängegkeetserklärung vum Kongo.

Eng mëndlech Zouso ass fir déi Herstaller duergaangen, fir d'Produktioun mat Invstitioun vun hiren eegene Fongen ze demarréieren.

Wéi schliisslech den definitive Kontrakt de 24. Oktober 1962 ënnerschriwwe gouf, hat FN schonn 6 Méint virdrun den éischte Motor geliwwert.

An der Tëschenzäit hat Italien och seng Commande confirméiert, a bei där Geleeënheet hat FN mat de Fligermotordivisioune vun Afa Romeo a Fiat Kontakt kritt, wat spéider bei der Produktioun och fir si wichteg war.

D'Joren 1961 - 1965[änneren | Quelltext änneren]

Vun de Starfighteren déi tëscht 1961 an 1965 fir Europa produzéiert goufen, ware verschiddener bis 1982 am Déngscht. An der Belsch hat domat an der Moyenne all Fliger 28.000 Flugstonnen um Bockel. Déi laang Déngschtzäit war natierlech en zousätzleche Gewënn fir FN, well si déi Stécker produzéiert haten déi am meeschten hu misse gewiesselt ginn. Dat huet e grousse finanziellen Apport no dem Ammortissement vun den neien Installatioune mat sech bruecht.

Den neie Fliger hat e Koup Innovatiounen an der Technik mat sech bruecht, wéi den Nobrenner an orientabel Turbinneblieder, déi speziell hu misse geschmitt ginn.

Fir d'Kontrollequipementer waren nei Hale gebaut ginn, déi klimatiséiert waren, a fir déi d'Loft gefiltert gouf. De Proufstand zu Liers hat och missen ëmgebaut a vergréissert ginn. E ganze Koup nei Maschinne ware gebaut ginn, dorënner déi éischt mat elektronescher Steierung.

Fir d'Regierungen déi d'Fligere kaaft haten, war d'Geschäft och net sou schlecht ausgaangen. Se kruten de Fliger deen an Europa gebaut gouf ronn 20 % méi bëlleg, wéi wann d'Fabrikatioun an Amerika gemaach gi wier.

An där Zäit huet FN och nach 750 Module fir d'Turbopropmotoren Rolls Royce Tyne 21 an 22 geliwwert, déi fir d'Fligeren Transall C 160 an Atlantic 1150 waren. Se hunn och nach d'Auspuffréier fir d'Atlantic gebaut.

An deene Jore gouf ërem weider met Rolls Royce geschafft, an zwar a Soustraitance fir Motore vun zivil Fligere vum Typ Dart, Avon an Tyne.

1964 gëtt d'Gesellschaft FN-Boeing Tubines gegrënnt mat Sëtz zu Herstal. Déi GEsellschft huet haaptsächlech Turbostartere fir Militär- an Zivilfligere gebaut, Turbinne fir Camiongen, a soss aner kleng Turbinne fir verschidden Applikatiounen, dorënner z. B. eng Turbinn fir de schwedesche Ugrëffstanks "S", déi mat 325 Stéck produzéiert gouf. Déi Turbinnekonstruktioun gouf awer net weider entwéckelt, awer den Know How deen FN duerch déi Konstruktioune krut ware wichteg fir d'Entwécklung vun der Entreprise an de Joren duerno.

Zesumme mat ACEC huet FN den elektresche Generater, an e puer Deeler vun der Ofschoosramp fir d'Hawk-Rakéit gebaut.

Seng Filial MMN Mécanique et Métallurgie Nucléaire baut d'Griller fir d'Atomzentral zu Mol.

Déi éischt Schrëtt an de Secteur vun der Welraumtechnik gouf 1964 gemaach, wéi FN beim ELDO-Programm bedeelegt war, an zesumme mat Rolls Royce Deeler vum Motor Blue Streak gebaut huet, deen den éischte Stack vun der Europa-Rakéit ugedriwwen huet.

Joren 1970 - 1977[änneren | Quelltext änneren]

E Mirage 5 vun der belscher Arméi

1968 Huet déi belsch Regierung decidéiert nei Fligere fir d'Arméi ze kafen, déi Kéier net méi zesumme mat den Hollänner. De Choix war op den Mirage 5 gefall, dee vun der franséischer Firma Dassault gebaut gouf. 106 Fligere vun där Zort goufe bestallt an Motorsdivisioun vun FN huet a Soutraitance 131 Motoren Snecma ATAR 9C gebaut. 106 Stéck ware fir d'Fligeren déi bestallt gi waren, a 25 stöck ware Resevemotoren. Well de franséische Frang 1968 gefall war gouf et seriös Problemer mat der Rentabalitéit vun där Commande. Si huet awer FN erlaabt nei Methoden op Basis vum elektrochemeschen Usinage fir d'Turbinneschauten z'entwéckelen.

Op laang Zäit gesinn hat déi Commande awer gewëssen Avantager. D'Kontakter tëscht Snecma an FN hu sech stänneg verbessert, an et goung sou wäit datt haut Snecma ee vun den Haaptactionaire vun der Techspace Aero ass déi aus der Motordivisioun vun FN ervirgoung. FN konnt doduerch och fir d'éischt un engem zivilen Aviatiounsprogramm participéieren, an zwar bei der entwécklung vun engem neie Motor dem CFM 56 mat iwwer 10.000 kg Schubkraaft. Nei war fir si datt se net méi a Soustraitance oder ënner Lizenz geschafft huet mä als gläicwäertege Partner un der Entwécklung beddelegt war. Dat war um Schluss eng ganz rentabel Saach well dee Motor gouf iwwer dr¨sseg joer laang produzéiert.

En Alpa Jet

Wéi d'belsch Armé 1977, dräiandrësseg zwéimotoreg Alpha Jet E bei Dassault-Dornier bestallt huet, huet FN verschidde Motordeeler vum Larzac 04 - Motor gebaut, a si huet d'Endmontage an d'Tester vum Motor gemaach.

Net sou gënschteg war fir si d'Faillite vu Rolls-Royce ugaanks der 70er Joren, well domat d'Zesummenaarbecht bei der Entwécklung vum zivile Motor Trent an d'Bréch goung.

Dofir koumen anerer fir déi se a Soustraitance geschafft hunn an d'Plaz, wéi z. B. Turboméca, Bronzavia, a Pratt & Withney mat dem Motor JT8D.

Wéi 1974 driwwer discutéiert gouf fir de Starfighter z'ersetzen, hu sech nei Perspectiven opgemaach fir mat dem Bau vum Motor vum YF-16 deen zesumme mat Holland, Norwegen an Dänemark, bestallt sollt ginn, eng gutt Commande kënnen ze kréien.

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

En F 16