FR 1 (Satellit)

Vu Wikipedia
FR 1 (Satellit)
De Satellit FR 1 am Musée vum Bourget
Land Frankräich
Agentur CNES
Typ Fuerschungssatellit
nssdc_id (Bezeechnung) 1965-101A
Apogeum 762 km
Perigeum 746 km
Bunnschréi 75.87°
Bunn-Ëmlafzäit 98.8 min
Mass 72 kg
Start 6. Dezember 1965 21:05 UTC
Startplaz Vandenberg Air Force Base SLC-5
Drorakéit Scout X-4
Status inaktiv

Den FR 1 war e franséischen Äerdsatellit. Et war den zweete kënschtleche Satellit vu Frankräich a gouf nëmmen zéng Deeg nom éischten (Astérix), de 6. Dezember 1965 gestart. Am Ënnerscheed zum Astérix gouf déi Kéier awer eng US-amerikanesch Scout-Drorakéit gebraucht. De Satellit hat eng Mass vun 72 kg an hat eng Ëmlafbunn an enger Héicht vu 750 km.

Den FR 1 hat gouf fir d'Erfuersche vun der Wellenausbreedung bei ganz niddreger Frequenz agesat. E System vun dräi magnéiteschen an zwou elektreschen Antennen u Bord hat d'Bestëmmung vun der Ausbreedungsrichtung an dem Wellewiderstand vun enger Funkwell erméiglecht. Als Sendeanlage goufen d'Laangwellesender FUB (Seine-Port, Frankräich, 16,8 kHz) an NBA (Panama, 24 kHz) gebraucht.

Literatur[änneren | Quelltext änneren]

  • Heinz Mielke: Lexikon der Raumfahrt. 6. Auflage, transpress VEB Verlag für Verkehrswesen, Berlin, 1980

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Portal Astronomie