Fabel

Vu Wikipedia
Wiesselen op: Navigatioun, sichen
Illustratioun vum Grandville fir le Loup et le chien vum Jean de La Fontaine.

Eng Fabel ass eng kuerz Erzielung, dacks a Versform geschriwwen, déi en erzéiereschen Zweck erfëlle soll. A ville Fäll sinn et Déieren, déi wéi Mënsche handelen a schwätzen, an zesoen all Fabelen hunn eng Moral, déi sech aus der Erzielung ofleede léist, oder explizit um Schluss (méi seelen um Ufank) ausgedréckt gëtt. Allgemeng sinn et dacks zwee Charakteren, déi sech géintiwwer stinn, woubäi deen ee méi an deen anere manner gutt drun ass, wat duerch d'Handlung dann ëmgedréint gëtt.

Fabele gouf et schonn a Mesopotamien, viru 4000 Joer. Aus der Griichescher Antikitéit sinn d'Fabele vum Hesiodot a vum Esop bekannt. An der Réimerzäit ware Fabelen an der Moud, vill griichescher goufen adaptéiert an ëmgeschriwwen.(Horaz, Phèdre, Flavius Avianus,...).

Och am Mëttelalter an an der Renaissance sinn d'Fabele beléift bliwwen, lues a lues goufen d'Fabelen dozou benotzt, gesellschaftlech Ëmstänn ze kritiséieren.

De Jean de La Fontaine war am 17. Joerhonnert dee bekanntste Fabeleschreiwert am franséischsproochege Raum, an huet munnech Auteuren dozou inspiréiert, och där ze schreiwen.

Bekannt Auteure vu Fabelen an anere Länner waren ë. a. de John Gay a Groussbritannien, den Tomás de Iriarte y Oropesa a Spuenien, de Gotthold Ephraim Lessing an Däitschland oder den Ignacy Krasicki a Polen.

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Fables – Biller, Videoen oder Audiodateien