Fabrice Guy
Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
De Fabrice Guy gebuer den 30. Dezember 1968 zu Pontarlier am Departement Doubs, ass e fréiere franséische Spezialist an der Nordescher Kombinatioun.
Hien huet 1992 op den Olympesche Spiller zu Albertville d'Golmedail am Eenzel viru sengem Kompatriot Sylvain Guillaume kritt. Hie war och de Fändelsdréier vun der franséischer Delegatioun. Sechs Joer duerno krut hien op den Olympesche Wanterspiller zu Nagano eng bronze Medail mat der Equipe.
De Fabrice Guy ass den eenzege Fransous deen d'Weltcoupe an der nordescher Kombinatioun fir sech konnt entscheeden.
Palmarès[änneren]
Olympesch Spiller[änneren]
-
Goldmedail an der Nordescher Kombinatioun (Eenzel)
-
Bronze Medail an der Nordescher Kombinatioun (Equipe)
Weltmeeschterschaften am Nordesch Schi[änneren]
-
Sëlwermedail an der Nordescher Kombinatioun (Equipe)
-
Bronze Medail an der Nordescher Kombinatioun (Eenzel)