Faksimile

Vu Wikipedia
Faksimile vun enger Säit aus dem Stricker sengem Karl der Grosse
Facsimile vun enger Säit aus dem Rudolf von Ems senger Weltchtonik

E Faksimile ass eng méiglechst prezis Kopie vun enger Virlag, meeschtens vun enger aler oder wäertvoller Bucheditioun, engem Dokument, wéi z. B. engem Manuskript (lat. fac - maach, simile - d'selwecht). Dobäi gëtt d'Schrëftbild sou erëmginn, wéi et am Original ass, inklusiv Biller asw., mä och z. B. Schiet um Originaldokument (Flecken, Lächer, asw.).

Et ass z'ënnerscheede vun enger Transskriptioun, wou ee just den Text an engem aneren Dokument wuertwiertlech erëmgëtt. Et gëtt Verlagen, déi op d'Editioun vu Faksimileë spezialiséiert sinn.

D'Wuert "Fax" ass déi amerikaniséiert Ofkierzung vun der selwechter laténgescher Wuerzel.

Statuen, déi op ëffentleche Plaze stinn, si geleeëntlech Faksimileeën, vun deenen den Original op enger sécherer Plaz steet:

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Faksimileeën – Biller, Videoen oder Audiodateien