Famill de Lannoy-Clervaux

Vu Wikipedia
D'Wope vun de Familljen Heu, Eltz an de Lannoy an der 'Klierfer Kapell' vun der Kierch Munzen.
Grafstee vum Grof Albert Eugène de Lannoy († 1697) an der Lorettokapell zu Klierf.
Grafstee vum Grof Adrien Gérard de Lannois (sic) († 1730) an der Lorettokapell zu Klierf
.

D'Famill de Lannoy-Clervaux ass déi lëtzebuergesch Branche vum Haus de Lannoy. Si huet bis an d'19. Joerhonnert bestanen a goung zeréck op de Claude de Lannoy, dee sech 1617 mat der Claudine d'Eltz bestuet hat. Si war d'Duechter vum Godefroid d'Eltz an der Elisabeth de Heu, déi d'Schlass an d'Herrschaft vu Klierf nom Doud vun hirem Papp, dem Gaspar de Heu vu Beefort, geierft hat.[1]

Nom Doud vun der Elisabeth de Heu hirem Brudder Godefroid, am Joer 1631, ass d'Baronnie vu Klierf un de Claude an d'Claudine de Lannoy-d'Eltz gefall a si hunn d'Schlass vu Klierf iwwerholl.[1]

Den Albert Eugène de Lannoy[2] gouf 1643 den Nofollger vu sengem Papp Claude de Lannoy. Hien huet sech mat der Anne Marie de Reede de Sasfeld, “dame de Bolland (Boland)”, bestuet. Hien ass 1697 gestuerwen. Seng Nofollger ware seng Jongen Adrien Gérard a François Ferdinand.[3]

Den Adrien Gérard de Lannoy, deen aus sengem Bestietnes mat der Baronne Jeanne Thérèse Claire de Bocholtz[4] keng Kanner hat, ass 1730 gestuerwen. Säin Ierwe war säin Neveu Damien Adrien Gérard de Lannoy, deem seng Mamm, d'Apolline von der Horst, d'Ierwin vun Hamm op der Prüm war. Den Damien Adrien Gérard Ernest de Lannoy hat sech 1724 mat der Aldegonde Louise Françoise de Warnant[4], “dame de la Neufville” (Neuville-en-Condroz) bestuet. Domat ware bannent knapps engem Joerhonnert d'Lännereie vu Klierf (Herzogtum Lëtzebuerg), Bolland (Herzogtum Limburg), Hamm a La Neuville (Prënzbistum Léck) an de Besëtz vun der Famill de Lannoy-Clervaux komm. Dem Damien Adrien Gérard säi Fils Adrien Jean Baptiste († 1797) hat sech 1753 mat der Comtesse Constance Polixène Reine Stanislas de Wignacourt[4] bestuet; d'Koppel hat dräi Kanner:

  • de Félix Balthasar, dee 1782 d'Marie Ferdinande Madeleine[4], Gräfin vu Berlo-Suys (1762-1831), Schwëster vun der Baronne de Tornaco vu Lëtzebuerg, bestuet huet;
  • den Adrien, deen “chanoine tréfoncier” vun der Kathedral vu Léck war;
  • de Florent, dee mat enger Prinzessin vu Loos-Corsvarens bestuet, an de Papp vum Napoléon de Lannoy, Prënz vu Rheina-Wolbeck, war.[3],[5]

Nom Grof Félix hu seng Jonge Léopold an Adrien successiv am Schlass gewunnt. Si sinn allebéid ouni Kanner gestuerwen, de Grof Léopold am Joer 1841 an de Grof Adrien am Joer 1854.[3]

Den Adrien war de leschte Vertrieder vun der Branche de Lannoy-Clervaux; no sengem Doud ass déi ganz Ierfschaft laut Testament u seng Fra, d'Aldegonde Ursule Florence Marie Amélie de Tornaco[6], “Amélie” genannt[7], gaangen. D'Testament gouf vu sengem schonn ernimmte Cousin, dem Grof Napoléon de Lannoy-Clervaux, Prënz vu Rheina-Wolbeck, attackéiert.[8] Deen huet awer de Prozess,[7] dee sech jorelaang higezunn hat, verluer. An der Tëschenzäit war d'Amélie de Lannoy-Clervaux den 8. Mee 1856[9] gestuerwen an d'Ierfschaft ass un hir Ierwe gaangen a sou ass en Deel un d'Famill de Berlaimont (Berlaymont) ganngen an en aneren un d'Famill de Tornaco wéi z. B. d'Schlass vun Neuville-en-Condroz.[1]

Literatur[änneren | Quelltext änneren]

  • Langini, Alex, 2012. Les de Lannoy à Clervaux, Die Warte Nr. 20/2370, 21. Juni 2012, S. 2
  • Anonym, 2012. La famille de la future Grande-Duchesse et le Luxembourg: des liens très anciens. Lëtzebuerger Journal 2012, Nr. 87 (4. Mee), S. 24.
  • Glaesener, J.P., 1985. Le Grand-Duché de Luxembourg historique et pittoresque. Réimpression anastatique publiée avec une introduction, une bibliographie et une table par vedettes-matière par Carlo Hury. Schortgen, Esch-sur-Alzette 1985, S. 419.
  • Hansotte, G., 1969. Inventaire des archives de la famille de Lannoy-Clervaux. Bruxelles: Archives générales du Royaume, VIII-69 S. (BNL)
  • Hudemann-Simon, C., 1985. La noblesse luxembourgeoise au XVIIIe siècle. Publications de la Section historique de l'Institut grand-ducal et Publications de la Sorbonne, Luxembourg, S. 486-487. [5]
  • Koltz, J.P., 1975. Les châteaux historiques du Luxembourg. Luxembourg, Imprimerie Saint-Paul, S. 90.
  • Poswick, E., 1904. Les comtes de Lannoy-Clervaux: princes de Rheina-Wolbeck. Bruxelles: J.H. Moreau, 80 S. (BNL)

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. 1,0 1,1 1,2 Anonym 2012.— Cf. Note relative à la branche luxembourgeoise de la famille de Lannoy: Les Comtes de Lannoy-Clervaux. [1] — Cf. Un peu d'Histoire: la famille de Lannoy côté luxembourgeois. wort.lu, publié le 03.05.2012. [2]
    Koltz 1975.
  2. Etienne Pattou: La famille de Lannoy : Albert-Eugène de Lannoy (S.28). [3]
  3. 3,0 3,1 3,2 Glaesener 1985 (Text aus dem Album pittoresque du Grand-Duché de Luxembourg vum Jean-Baptiste Fresez aus dem Joer 1857).
  4. 4,0 4,1 4,2 4,3 Hansotte 1969.
  5. Hudemann-Simon 1985.
  6. Poswick 1904, S. 24.
  7. 7,0 7,1 Cf. Résumé des Faits et Moyens pour Mme la baronne de Tornaco, née comtesse de Berlo ; MM. les barons Auguste, Victor, Camille de Tornaco ; Mme la comtesse douairière De Berlaymont, née baronne de Tornaco, Mme la comtesse Florent de Berlaymont, née baronne De Tornaco, et M. le comte Florent de Berlaymont, son époux, intimés sur l'appel principal et appelants incidemment, contre le prince Napoléon de Rheina-Wolbeck, comte de Lannoy-Clervaux, et la comtesse Constance De Lannoy-Clervaux, appelants principaux et intimés sur l'Appel incident. Liège: s. n., 1856. - 80 p. (BNL)
    Réponse pour MM. les barons Auguste, Victor et Camille de Tornaco; MMe la comtesse douairière de Berlaymont,... au mémoire intitulé: exposé de faits,..... Liège: Cour d'appel, [1856]. - 88 p. (BNL)
    Contre-enquête faite devant M. le Conseiller Crossée, commissaire nommé par la Cour, contenant les dépositions des témoins cités et entendus à la requête de la famille de Tornaco, contre le prince de Rheina-Wolbeck, comte de Lannoy-Clervaux...: Cour d'appel de Liége (1ère Chambre). Liége: Imprimerie de J. Desoer, Libraire, 1858. - 109 p. (BNL)
  8. GeneaNet: Napoléon de Lannoy-Clervaux, comte de Lannoy-Clervaux, prince de Rheina-Wolbeck. [4]
  9. http://www.angelfire.com/realm/gotha/gotha/lannoy.html