Familljennumm

Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
Wiesselen op: Navigatioun, sichen
Säit 35 aus dem Nikolaus Müller sengem Wierk "Die Familien-Namen des Grossherzogthums Luxemburg".[1]

Familljennimm sinn no an no zënter dem 14. Joerhonnert an de Stied entstanen. Hir Fonctioun war ufanks, Leit mam selwechte Virnumm auserneen ze halen, an och de genealogeschen Zesummenhank tëscht Persoune gouf esou méi kloer. An de Joerhonnerte dono huet hire Gebrauch sech lues a lues veralgemengert, mä nach laang net iwwerall, an den Ënnerscheed zu engem Hausnumm oder enger Beruffsbezeechnung war net ëmmer kloer. Bis an der Mëtt vum 18. Joerhonnert gouf et nach Fäll zu Lëtzebuerg (wann och éischter ausnamsweis), wou vu 5 Kanner vun enger Koppel der zwee no der Mamm genannt goufen, eent nom Papp an 2 nom alen Hausnumm.[2]

Inhaltsverzeechnes

Zu Lëtzebuerg [änneren]

Zu Lëtzebuerg goufen d'Familljennimm 1794 duerch de Code civil eng éischte Kéier obligatoresch gemaach.[3].

Familljennimm si Spigelbiller vun der Sprooch- a Siddlungsgeschicht vun enger Regioun an spillen domat eng Roll an der Identitéitsbildung.

Tëscht 2009 an 2012 huet de Fuerschungslabo fir Lëtzebuerger Sprooch op der Uni Lëtzebuerg un engem lëtzebuergeschen Atlas vun de Familljennimm geschafft, am Kader vun engem Fuerschungsprojet dee vum nationale Fuerschungsfong ënnerstëtzt gouf.[4] Den Atlas ass 2012 als Buch an als Online-Datebank publizéiert ginn.[5].

Am Telefonsbuch vun 2009 sinn 245.000 Persounen opgezielt, déi 36.300 verschidde Familljennimm droen. An der Vollekszielung vun 1880 hat den Nikolaus Müller 8.572 Nimm fond.[4]

Etymologie vun de Familljennimm [änneren]

Allgemeng kann ee d'Urspréng vun de Familljennimm a véier Kategorië andeelen:

Ruffnumm vu Papp oder Mamm[6] Adam, Diederich, Laurent / Lorang, Nickels, Peters, Thill. An der Genitiv-Form: Jacoby, Pauly
Beruff, Titel Brasseur, Drescher, Faber[7], Fischer, Fleischer, Goldschmidt, Krier[8], Leyendecker, Metzler, Meyer, Muller, Schmit, Schreiner, Schoumacher, Schuster, Wagner, Weber
Uertschaft, Toponym, geographesch Origin Berg, Cravatte[9], Dupont / Dupong , Erpelding, Flammant / Flammang, Lulling, Mousel, Nosbusch, Olinger, Reding, Welschbillig
Charakteristesch Eeegeschaften Friob[10], Gross, Grün, Infalt, Klein, Ney, Schrobiltgen[11], Weis,

Sproochlech kommen déi meescht Familljennimm aus dem Däitschen (Müller, Schmit, Wagner, Kieffer). Vill Lëtzebuerger hu während an nom Zweete Weltkrich déi däitschsproocheg Attributer aus hire Familljennimm[12] ewechgeholl: Müller → Muller, Grün → Grun. Eng Partie Nimm kommen aus dem Franséischen a goufen deels an d'Lëtzebuergescht ugepasst: Dupont → Dupong, Flammant → Flammang, Laurent → Lorang. Ganz seele si reng lëtzebuergesch Nimm wéi Brachmond[13] oder Schrobiltgen[11]. Aner Nimm kommen aus Géigenden, déi wäit ewech leien, z. B. Tirol: Schockmel, Zangerlé.

Literatur [änneren]

  • Erpelding, Émile, Georges Kiessel & Jean-Claude Loutsch, 1984. Die Luxemburger und ihre Familiennamen : circa 17500 Familiennamen welche von Einwohnern Luxemburger Nationalität getragen wurden oder noch getragen werden und 1880 (8584) sowie 1984 (13388) registriert worden sind. Cahiers économiques 67. 230 p. Luxemburg : RTL : Statec, Luxembourg, Impr. Centrale.
  • Jacquart, Joseph, 1945. Les noms de famille du Grand-Duché de Luxembourg en 1888. Bruxelles.
  • Klees, Henri, Prosper Kayser & Fernand Hoffmann, 1989. Geographie der Luxemburger Familiennamen (nach der Volkszählung von 1930). Institut Grand-ducal, Section de linguistique, de folklore et de toponymie. Beiträge zur luxemburgischen Sprach- und Volkskunde 18. Luxemburg. 463 p.
  • Müller, Nikolaus, 1886. Die Familien-Namen des Grossherzogthums Luxemburg. Luxemburg : Druck u. Verlag V. Bück. 115 p. ; 21 cm
  • Werno, Kathrin, 2012. Namensforschung: Weit mehr als Schall und Rauch. Télécran 6: 20-25.

Um Spaweck [änneren]

Commons: Familljennimm – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen [änneren]

  1. Cf. Müller 1886 an der Literatur.
  2. Cf. Erpelding et al. 1984: 25 an der Literatur.
  3. Art. 57: „Par le seul fait de la naissance, l’enfant légitime prend le nom de son père. L’enfant légitime prend sans rétroactivité le nom de son père“. Zitéiert no Erpelding et al. 1984: 35 an der Literatur.
  4. 4,0 4,1 Cf. Werno 2012: 22 an der Literatur.
  5. Online ënner http://lfa.uni.lu/.
  6. Patronym respektiv Metronym.
  7. Faber = latiniséiert Form vu "Schmidt" a senge Varianten.
  8. Den Numm Krier gëtt "Kréier" ausgeschwat an entsprécht dem Krüger am Däitschen.
  9. Cravatte = Kroat, am Däitschen Krawåt. Den Numm kënnt vun enger stoffe Schläif, déi kroatesch Ritter um Col gedroen hunn. cf. http://de.wikipedia.org/wiki/Kroatische_Reiter.
  10. Friob = fréi op, de. Frühauf.
  11. 11,0 11,1 Schrobiltgen = schrot Bild, de: hässliches Gesicht.
  12. Dacks goufen d'Virnimm och geännert, meeschtens an hir franséisch Form: Josef → Joseph, Nikolaus → Nicolas.
  13. Brachmond kënnt vum Mount, an dem eng Brooch beaarbecht gouf. Den Numm kënnt virun Allem am Norden vum Land vir.