Family of Jazz

Vu Wikipedia

De Concert vum Duke Ellington um Wëlzer Festival am Joer 1970 an d'Fotoausstellung The Family of Man vum Edward Steichen hunn de Raymond Clement dozou inspiréiert, fir d'Fotosausstellung Family of Jazz an d'Liewen ze ruffen.

Eng éischt Editioun vun 150 schwaarzwäisse Fotoen am Groussformat gouf 1975 bei Jazz Pulsations am Hôtel de ville zu Nanzeg ausgestallt, duerno gounge weider Editiounen uechter Europa an den USA op Tournée:

  • Centre Culturel Chanzy, Reims
  • Centres Culturels, Épernay, Vitry-le-François
  • Galerie Die Röhre, Moers
  • The Art Museum of Moscow, Moscow, Idaho
  • Pioneer Theatre, Reno, Nevada
  • University of Texas, Texas
  • Zellerbach Hall, University of California, Berkeley, Kalifornien
  • Duke Ellington Memorial Museum, New York.

asw.

Eleng am Joer 2008 war d'Ausstellung zu Veianen am Ancien Cinéma, zu Berlin an zu Bréissel an de Lëtzebuerger Ambassaden, zu Salem um Bodensee, zu Athen am Technopolis an an der Stad Lëtzebuerg am CCRN ze gesinn.

D'Family of Jazz gëtt vum Kulturministère ënnerstëtzt a vun der lëtzebuergescher Kënschtleragentur 'ARTmadeinluxembourg' propagéiert.

Bibliographie[änneren | Quelltext änneren]

  • Bausch, Armando, 1985. Jazz in Europa. Fotos: Raymond Clement und M. G. Mousel. 182 p. Éditions phi, Echternach. Éditpress, Esch/Alzette.
  • Clement, Raymond, 1980. JAZZ Impressions/Expressions. Préface de Philippe Adler. 30 p. RTL Éditions, Paris.
  • Clement, Raymond, 2003. Family of Jazz. Fotografien: Ausstellungskatalog. Katalog: Reinhard Schultz. 30 S. Galerie Bilderwelt, Berlin.

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]