Fan

Vu Wikipedia
Dësen Artikel entsprécht net de Wikipediakrittäre fir en enzyklopedeschen Artikel. Dat kann dru leien datt Schreif- oder Tippfeeler dran ze fanne sinn, oder en nach net nom Stil vun engem Wikipediaartikel formatéiert gouf. Et kann och sinn, datt den Inhalt net an eng Enzyklopedie gehéiert, sou wéi en am Moment do steet. Fir ze verhënneren datt dësen Artikel eventuell geläscht gëtt, muss en onbedéngt iwwerschafft ginn.

E Fan [ˈfɛn] (englesch fan [ˈfæn], vu fanatical = fanatesch) ass e begeeschterten Unhänger vun enger Persoun, enger Grupp vu Persounen oder enger Saach. D'Wuert "Fan" ass aus dem Engleschen a méi Sproochen iwwerdroe ginn. Organiséiert Fans fanne sech dacks a Fanclibb zesummen.

Besonnesche Gebrauch[änneren | Quelltext änneren]

De Phenomeen "Fan" gëtt et besonnesch prononcéiert a follgende Beräicher:

Sport[änneren | Quelltext änneren]

Fans vun engem Sportler, engem Sportveräin oder enger Sportaart, wéi z. B. Foussballfans. Am Beräich Sport (besonnesch bei der Sportaart Foussball) ass de Begrëff zousätzlech ofzegrenze mat:

  • Bei Sportveräiner gi Fans, déi d'Compétitioune vun hirer Mannschaft besichen, och dacks Schlachtenbummler genannt. Fir d'Kommunikatioun mat der Mannschaft an aneren Spectateure benotze se Fangesäng.
  • Gewaltbereet Fans, déi z. B. Sporteevenementer als Plattform mëssbrauchen, ginn dacks als Hooligans bezeechent.
  • Eng weider Ënnergrupp vu Fans sinn d'Ultraen.
  • Den italieenesche Begrëff Tifosi betitelt och e Fan oder Unhänger a gëtt dacks als Synonym fir d'italienesch Fans bei enger Sportveranstaltung benotzt. D'Wuert Tifosi staamt vun der Krankheet Typhus, déi onbehandelt zu héijem Féiwer féiert, sou wéi den Tifoso als Foussballfan deen um Foussballféiwer leit.

Musek[änneren | Quelltext änneren]

Besonnesch an der Popmusek: Fans vun enger Band, engem Sänger, Museker, DJ asw.

Theater, Film a Fernsee[änneren | Quelltext änneren]

Fans vum Theater an/oder dem Film allgemeng, respektiv vu bestëmmten Theateren, Filmer, Fernseeserien, Moderatoren, Regisseuren oder Schauspiller.

Konscht[änneren | Quelltext änneren]

Fans vun engem Kënschtler. Am Beräich Konscht geet amplaz vu Fan och dacks vun engem Amateur riets. Speziell Charakteristike sinn hei:

All d'Fans vun engem kënschtleresche Wierk ginn als Fan-Gemeng oder Fandom bezeechent.

Konsum[änneren | Quelltext änneren]

Am Beräich Konsum gëtt et Fans vun engem Liewensstil, Fans vu Marken, Fans vu Produite mat "Kultstatus" etc.

  • Den Anglizismus Fanboy (Fangirl) ass d'Bezeechnung fir e fanateschen Unhänger vun engem Produit oder Produzent. Dësen Ausdrock gëtt z. B. dacks fir iwwerzeegt Benotzer vun engem Betribssystem oder enger Spillkonsol benotzt.

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Sports supporters – Biller, Videoen oder Audiodateien