Fanfare de Beckerich

Vu Wikipedia
Fanfare de Beckerich, Bild vun 1922

D'Fanfare de Beckerich war eng Fanfare zu Biekerech déi uganks vum 20. Joerhonnert gegrënnt gouf an et net iwwer den Zweete Weltkrich gepackt huet.

Dat hat als Ursaach, datt d'Membere vun der Fanfare wärend der Besatzungszäit keng däitsch Stécker wollte spillen. Dat huet den Däitschen net gepasst, a sou hu se der Fanfare verbueden opzetrieden, a wéi dat net geklappt huet, hu se hinne kuerzerhand d'Instrumenter gezoppt, an no Däitschland verfracht. No engem Bombardement vun der Ettelbrécker Gare, goufen déi zwar an engem Waggon beschiedegt erëmfonnt an erëm op Biekerech bruecht.

Gläich nom Krich huet dunn awer ee Brand am Veräinslokal, dat iwwer der Keelebunn vum Café Hoffmann war, d'Instrumenter an d'Dokumenter déi do ënnerbruecht waren, komplett zerstéiert.

Well schonn zanter 1924 eng zweet Musek d'Fanfare Concordia Beckerich bestanen huet, hu sech déi meescht Museker där ugeschloss.