Fats Waller
Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
Den Thomas Wright Waller, gebuer den 21. Mee 1904 zu Harlem, New York, a gestuerwen de 15. Dezember 1943 am Santa-Fé-Express un enger Longenentzündung, war e bekannten Jazz-Pianist, -Komponist a -Sänger. Well e sou déck war gouf hie Fats genannt.
Hien huet vill zur Entwécklung vum fréien Jazz aus den 20er Joren an zum Swing vun den 30er a 40er Jore bäigedroen.
Eng vun senge bekannteste Kompositiounen ass de Standard Ain't Misbehavin' aus dem Musical Hot Chocolates, deen 1929 entstanen ass. D'Musek huet hien zesumme mat dem Harry Brooks komponéiert, den Text ass vum Andy Razaf.
Um Spaweck [änneren]
- www.fatswaller.org (en)