Société des naturalistes luxembourgeois
D'Société des naturalistes luxembourgeois, gekierzt SNL, regruppéiert zu Lëtzebuerg d'Naturalisten, d.h. Leit déi sech fir d'Natur an d'Naturwëssenschaften interesséieren. D'Gesellschaft, déi 1890 gegrënnt gouf, huet hiren offizielle Sëtz am Haus vun der Natur op der Kockelscheier. Mat ca. 500 Memberen ass si dee gréisste wëssenschaftleche Veräi vum Land.
D'S.N.L. publizéiert zënter 1891 eng wëssenschaftlech Zäitschrëft, de Bulletin de la Société des naturalistes luxembourgeois, an där Fuerschungsaarbechten iwwer d'Natur (am wäite Sënn) zu Lëtzebuerg, mä och am Ausland, verëffentlecht ginn. 112 Bänn si bis 2011 erauskomm. De Bulletin ass deen eenzege lëtzebuergesche Périodique scientifique dee regelméisseg erauskënnt. All Artikelen, vun 1891 bis elo, kënne vun der Websäit vun der SNL erof geluede ginn. [1]
Inhaltsverzeechnes |
Thematesch Aarbechtsgruppen [änneren]
Bannent der SNL funktionéieren dräi Aarbechtsgruppen, déi folgend Sujeten ofdecken:
- Flora → Groupe de travail botanique
- Insekten → Groupe de recherche entomologique
- Pilzen → Groupe de recherche mycologique
Wëssenschaftler déi mat der SNL verbonne waren/sinn [änneren]
- Jacques Bintz (*1927), Geolog
- Paul Diederich (*1959), Mykolog, Botaniker
- Ernest Feltgen (1867-1950), Medeziner an Naturalist
- Victor Ferrant (1856-1942), Zoolog
- Félix Heuertz (1877-1947), Zoolog, Botaniker
- Marcel Heuertz (1904-1981), Naturwëssenschaftler
- Edmond Joseph Klein (1866-1942), Botaniker
- Jean-Pierre-Joseph Koltz (1827-1907), Botaniker
- Jean-Henri-Guillaume Krombach (1791-1881), Botaniker
- François-Léon Lefort (1917-1975), Botaniker
- Michel Lucius (1876-1961), Geolog
- Edouard Luja (1875-1953), Entdeckungsreesender
- Jos A. Massard (*1944), Biolog, Wëssenschaftshistoriker, Politiker
- Claude Meisch (*1949), Biolog, Zoolog
- Mady Molitor (1937-2005), Biologin
- Léopold Reichling (1921-2009), Botaniker an Entomolog
- Christian Ries (*1961), Agronom, Ekolog
- Robert Stumper (1895-1977), Chemiker an Zoolog
Geschichtleches [änneren]
D'S.N.L. ass 1890 ënner dem Numm FAUNA - Verein Luxemburger Naturfreunde gegrënnt ginn. D'Grënnungsmembere waren: Victor Ferrant, Mathias Kraus, Nic. Leonardy, Hubert Müllenberger a Jean Petermann, zu deenen eigentlech och de Charles Olm miisst gezielt ginn. Schonns am Joer 1891 steet op dem Deckel vum Bulletin de franséischen Numm: Société des naturalistes luxembourgeois.
Wichteg Etappen an der Geschicht vum Veräi sinn:
- 1907 kënnt et zur Fusioun mat der Société de botanique, déi 1872 gegrënnt gouf.
- 1930 publizéiert d'Gesellschaft hir Statuten am Mémorial a gëtt eng a.s.b.l.
- 1982 ass d'S.N.L. ee vun de Grënnungsmembere vun der Stëftung Hëllef fir d'Natur, zesumme mat der Natura an der Lëtzebuerger Natur- a Vulleschutzliga.
- 1994 ass d'Ouverture vum Haus vun der Natur op der Kockelscheier. D'Haus gëtt vun 6 Veräiner verwalt, dorënner d'S.N.L. (cf. de Bulletin n° 96/1995).
- 1998 dréit d'S.N.L. zur Grënnung vun der Fondation faune-flore - Institut de recherche sur le patrimoine naturel et la diversité biologique bäi.
- Zënter 2001 ass d'S.N.L. um Spaweck vertrueden (www.snl.lu).
- Zënter Januar 2007 ass dee ganze Bulletin vun der SNL online.
En détailléierten Historique fënnt een am Buch dat bei der Geleeënheet vum 100jährege Bestoe vun der Gesellschaft publizéiert gouf: Massard, J.A., 1990: Livre du Centenaire 1890-1990. Bull. Soc. Nat. luxemb. 91: 5-466. [2]
Kuckt och [änneren]
- natur&ëmwelt
- Naturschutzzentren zu Lëtzebuerg
- Bulletin de la Société des naturalistes luxembourgeois
- regulus (Zäitschrëften)