Fauvillers
|
|||||
|---|---|---|---|---|---|
| Land | |||||
| Regioun | |||||
| Communautéit | Franséisch Communautéit | ||||
| Provënz | |||||
| Arrondissement | Baaschtnech | ||||
| Telefonszon | 063 | ||||
| Postcode | 6637 | ||||
| Koordinaten | 49° 51' 05.11" N 05° 39' 50.42" O |
||||
| Fläch | 7.411 ha | ||||
| Bevëlkerung | 2.116 (1. Jan. 2008) | ||||
| Lag vun der Gemeng Fauvillers an der Provënz Lëtzebuerg | |||||
Fäteler (fr: Fauvillers, de: Feitweiler, oder och Fauweiler a Feiteler) ass eng belsch Uertschaft a Gemeng an der Provënz Lëtzebuerg.
Op Wallounesch heescht Uertschaft Fêviè a gouf fréier och Foedeler genannt. Am 7. Joerhonnert gëtt se ënner dem Numm Flitvilar a géint 1184 ënner dem Numm Fauiler ernimmt.
Déi haiteg Gemeng ass dei der belscher Gemengereform vun 1977 enstanen aus der Fusioun mat Hollange an Tintange a besteet haut aus folgende Sektiounen an Uertschaften:
- Fauvillers mat Bodange, Hotte, Menufontaine, a Wisembach
- Hollange mat Burnon, Honville, Malmaison, Sainlez, a Strainchamps
- Tintange mat Romeldange, a Warnach
Geschicht [änneren]
D'Gemeng gouf 1795 ënner dem franséische Regime gegrënnt, a war vun do un, bis nom Premier Empire Haaptuert vun engem franséische Kanton an duerno bis haut vun engem belschen, mat Sëtz vun engem Friddensgeriicht bis 1970.
Um Territoire vun der Gemeng goufe Reschter aus der Bronzezäit fonnt, grad esou wéi där vun de Gallier a Réimer.
Een Deel vun der Gemeng huet am 12. Joerhonnert der Abtei vu Saint-Hubert gehéiert, an am 15. Joerhonnert zur Meierei vun Hotte. Se war och deelweis am Besëtz vun der Grondhäre vu Bodange.
Um Spaweck [änneren]
| Commons: Fauvillers – Biller, Videoen oder Audiodateien |
Arel - Atert - Baaschtnech - Bertogne - Bertrix - Bouillon - Chiny - Daverdisse - Durbuy - Éibeng - Erezée - Étalle - Fauvillers - Florenville - Gouvy - Habay - Herbeumont - Hotton - Houffalize - La Roche-en-Ardenne - Léglise - Libin - Libramont-Chevigny - Manhay - Marche-en-Famenne - Maartel - Meix-devant-Virton - Miezeg - Musson - Nassogne - Neufchâteau - Paliseul - Rendeux - Rouvroy - Saint-Hubert - Saint-Léger - Sainte-Ode - Tellin - Tenneville - Tintigny - Vaux-sur-Sûre - Vielsalm - Virton - Wellin