Faux (Baach)

Vu Wikipedia
Faux
Längt 19,4
Debit 1.78
Hydrographesche
Baseng
Meuse-Baseng
Fläch vum Baseng 97 km²
Konfluenz
Leeft an Meuse
Geographie
Land Frankräich

D'Faux och dacks Fau oder Ruisseau de Faux genannt ass eng franséisch Baach am Grand Est an den Ardennen.

D'Faux huet hir Quell ëstlech vu Les Mazures op enger Héicht vun 380 Meter. Vun do leeft se ënner dem Numm Passée de Mézières e Stéck no Westen, bis op d'Héicht vu Les Mazures, wou se dann no Süden dréint. Mam Richtungswiessel ännert se och den Numm a Ruisseau de la Grande Terre dee se bis zu hirem Alaf an de Lac des Vieilles Forges westlech vu Sécheval behält.

Aus dësem Séi, deen eng grouss Fräizäitzon mat Camping huet, an anengems als Noutreserve fir d'Pompelspäicherwierk Saint-Nicolas bei Revin déngt, leeft se dann ass Ruisseau de la Faux eraus. Gläichtzäiteg huet se och hire Laf no Norden orientéiert. Op hirem Wee duerch e schmuelen Dall fiddert se ënnerwee nach d'Fëschweieren um Lieu-dit Neuve Forge éier se dann an den ënneschte Baseng, de Bassin de Whitaker, vum Pompelspäicherwierk leeft, wou se nieft dem Ruisseau des Moulins, deen eigentlech eng vun hiren Niewebaachen ass, den Haaptwaasserliwwerant ass.

Duerno sinn et nach ronn 1.500 Meter bis op Saint-Nicolas wou se dann op der Héicht vum Nolewier an d'Meuse leeft.

De Baseng vun der Faux läit an engem Gebitt mat héijen Nidderschléi, wat mat sech bréngt datt s'en Offlosswäert vu 579 mm huet wat däitlech iwwer der Moyenne vu ganz Frankräich läit.

Niewebaachen:

  • Ruisseau d'Herbiaux
  • Ruisseau du Cuviseau
  • Ruisseau le Noir
  • Ruisseau le Galop
  • Ruisseau Marie
  • Ruisseau des Moulins

Op hirem Wee vun der Quell bis bei d'Meuse leeft d'Faux duerch siwe Gemenge vum Departement Ardennes an zwar: Bourg-Fidèle, Sécheval, Renwez, Revin, Rocroi, Les Mazures an Harcy.


Nieweflëss vun der Meuse
Lénks : Alyse - Andon - Bar - Burnot - Dieze - Ennemane - Faux -Féron - Forges - Geer - Gelbressée - Hermeton - Houyoux - Leffe - Légia - Mehaigne - Méholle - Molignée - Raam - Récourt - Sambre - Saônelle - Saulx - Scance - Sormonne - Vair - Vence - Viroin - Voer - Wame - Wiseppe - Yoncq
Riets : Aroffe - Berwinne - Bocq - Creuë - Flambart - Givonne - Goutelle - Geul - Houille - Hoyoux - Julienne - Kuer - Lesse - Mouzon - Niers - Ourthe - Roer - Rupt - Samson - Semois - Swalm - Vrigne
Kuckt och : Baseng vun der Meuse