Faux de Verzy

Vu Wikipedia
Ee Fau de Verzy

D'Faux de Verzy ass den Numm fir e Bestand vu verwurelte Biche bei Verzy, südwestlesch vu Reims am Departement Marne.

Dës Beem ginn hiren Numm fir d'touristesch Plaz am Bësch vu Verzy wou se stinn, net wäit vum Observatoire vum Mont Sinaï, der héchster Kopp vun der Montagne de Reims. Et ass déi Plaz op der ganzer Welt wou déi meescht Biche vun där Zort beienee stinn, ongeféier 800 Stéck.

Den Numm « fau » huet am ale Franséischen eng Bich bedeit, ofgeleet vum laténgesche fagus.

Op der Plaz kann een d'Beem hanner niddregen hëlze Barriäre gesinn, awer de gréissten Deel vum Bestand ass mat Drot agemaach fir datt se net sollen ze vill vertrëppelt ginn, an doduerch den Nowuess zerstéiert géif ginn.

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Faux de Verzy – Biller, Videoen oder Audiodateien