Favori

Vu Wikipedia

Favori war e fréiere Kino zu Péiteng.

E gouf uganks den 1950er Joren an der ënneschter Gaardestrooss, tëscht dem Festsall vum Larosche Josy an dem Velosgeschäft Bim Diederich (haut tëscht der Shell-Statioun an dem Cactus), gebaut. De Sall hat eng déif Bün, eng grouss Leinwand an ongeféier 500 plüschrout Plazen, déi an engem Parterre an engem Balcon opgedeelt waren. E gouf vum François Azzeri bedriwwen.

Bei Filmer wéi Die Wüste lebt oder In 80 Tagen um die Welt war de Sall struppevoll. Awer och franséisch, englesch an italieenesch Filmer vun alle Gattungen, souwéi Operette-Verfilmungen an alle Sprooche si gewise ginn.

1959 hat d'Musek vu Péiteng am Kader vun hirem 50. Anniversaire de sinfoneschen Orchester vu Radio Lëtzebuerg do op Besuch. En huet ënner der Direktioun vum Karoly Melles gespillt, mam Geie-Solist Jean Audoly.

Méi spéit gouf am Keller eng Wiertschaft mam Numm "Grotte-Bar" amenagéiert, wou donneschdes, samschdes a sonndes Danzmusek gespillt gouf.