Felipe vu Spuenien

Vu Wikipedia
Wiesselen op: Navigatioun, sichen
De Felipe de Borbón, Krounprënz vu Spuenien

De Felipe Juan Pablo Alfonso de Todos los Santos de Borbón y de Grecia, gebuer den 30. Januar 1963 zu Madrid, ass dat drëtt Kand vum Kinnek Juan Carlos I. vu Spuenien an der Kinnigin Sophia. Well déi spuenesch Trounfolleg de männleche Kanner Prioritéit gëtt, gouf hie viru senge méi ale Sëschteren, den Intfantinnen Elena (1963) a Cristina (1965), de Krounprënz vu Spuenien.

De Felipe krut den 1. November 1977 den Titel Prënz vun Asturien. Hien huet tëscht 1985 an 1988 eng Militärausbildung gemaach a krut an der Infanterie, der Marine an der Loftarméi héich Ränk. Tëscht 1988 an 1993 huet hien op der Universitéit vu Madrid Economie studéiert. Tëscht 1993 an 1995 huet hien e Master degree op der Georgetown Universitéit zu Washington D.C. gemaach.

Zanter datt hie Krounprënz ass, huet hie verschidden ëffentlech Funktiounen, ë. a. fir bei Handelsmissioune vu Regierungsmembere fir d'Wirtschafts- an Handelsrelatioue mat Spuenien anzetrieden, hien trëfft regelméisseg Vertrieder vu Politik, Economie a Wëssenschaft, asw.

Hien huet den 22. Mee 2004 d'Journalistin Letizia Ortiz Rocasolano bestuet. D'Koppel huet 2 Kanner: d'Infantinne Leonor (2005) a Sofía (2007).

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Felipe, Prince of Asturias – Biller, Videoen oder Audiodateien