Felix-Aguilar-Observatoire

Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
Wiesselen op: Navigatioun, sichen
Spigelteleskop vum haitegen Observatorio Carlos Cesco

De Felix-Aguilar-Observatoire (spuenesch Observatorio Félix Aguilar, OAFA) ass en traditionellen Observatoire an Argentinien. Den Observatoire gouf no dem argentineschen Astronoman Ingenieur Félix Aguilar (1884-1943), dee vu 1919 bis 1921 a vun 1934 bis zu sengem Doud Direkter vum Observatoire La Plata war, genannt.

Observatorio Carlos Cesco [änneren]

Zesummen mat dem Yale-Columbia Southern Observatory gouf eng Sektiounsplaz, den El Leoncito Observatory, gegrënnt, déi vu 1965 eng Duerchmusterung vun der südlecher Hemisphär virgeholl hat. D'Haaptinstrument besteet aus zwéi grousse Refraktere mat je 51 cm Ëffnung, déi en Duebelastrograph formen.

Et steet am El Leoncito National Park (Parque Nacional El Leoncito, zwee Kilometer ëstlech vun der astronomescher Ariichtung Leoncito an der Provinz San Juan.

Et gouf 1990 zu Éieren vum 1987 verstuerwenen Astronom Carlos Ulrrico Cesco an Observatorio Carlos Cesco ëmgenannt. De Minor Planet Center schreift dem Observatoire e Koup Entdeckunge vun Asteroide zou. Si ass am Besëtz vun engem neien 76 cm-Spigelteleskop.

Um Spaweck [änneren]

Kuckt och [änneren]

Saturn 01.svg Portal Astronomie