Fer forgé

Vu Wikipedia
Paart aus Fer forgé vun engem Niewegebai vum Nationalmusée fir Geschicht a Konscht an der Stad Lëtzebuerg (rue Wiltheim).

Fer forgé ass en Alliage aus Eisen deen, am Verglach mam Stol, nëmme ganz wéineg Kuelestoff enthält. Fer forgé huet eng grouss Häert a léisst sech liicht formen.

Fer forgé gëtt zanter dem Ufank vun der Eisenzäit (zirka 1100 v. Chr.) produzéiert an ass d'Eise sou wéi et aus der Geschicht bekannt ass. Wéinst sengem Manktem u Resistenz konnt de Fer forgé awer net fir d'Produktioun vu Messeren, Schwäerter, asw. gebraucht ginn.

Vum Enn vum 19. Joerhonnert un huet d'Produktioun vu Fer forgé ofgeholl, dat an deem Mooss wéi d'industriell Produktioun vu Stol zougeholl huet.

Fer forgé gëtt haut kaum nach produzéiert. E gëtt haaptsächlech nach gebraucht fir d'Restauratioun vun historeschen Objeten aus deemselwechte Material. Och de modernen, sougenannte Fer forgé aus dem Konschthandwierk besteet haut aus enger Zort Stol.

Ier s'aus Stol produzéiert goufen, waren z. B. d'Nitten, d'Neel, den Drot, d'Eiseketten, d'Waasserréier, d'Houfeisen an d'Konschteisen (Eisegitteren, Gelänner, asw.) aus Fer forgé.

Verschidden aner Konstruktiounen, wéi z. B. verschidden Eisebrécken oder den Eiffeltuerm, waren oder sinn aus Puddeleisen.