Ferdinand Pescatore

Vu Wikipedia
Ferdinand Pescatore
Gebuertsnumm Charles Philippe Louis Ferdinand Pescatore
Gebuer 20. Juni 1791
Lëtzebuerg
Gestuerwen 25. Dezember 1862
Nationalitéit Lëtzebuerg
Aktivitéit Politiker
Famill
Papp Dominique Pescatore
Geschwëster Antoine Pescatore
Säi Graf um Nikloskierfecht.

De Charles-Philippe-Louis Pescatore, genannt Ferdinand Pescatore, gebuer den 20. Juni 1791 a gestuerwen de 25. Dezember 1862, war e lëtzebuergesche Geschäftsmann a Politiker.

De Ferdinand Pescatore war de Jong vum Dominique Pescatore. Hien hat eng Epicerie an der Stad Lëtzebuerg, a méi spéit och eng Filial zu Tréier. 1829 huet hien d'Steeseler Millen geierft a moderniséiert.

1841 gouf hie President vun der Chambre de commerce. Hie war vun 1842 bis 1848 Member[1] am Rot vun de Stänn a vun 1844[2] bis 1848 Buergermeeschter vun der Stad Lëtzebuerg[3].

Vum 28. November 1857 bis zu sengem Doud war hie Member vum Staatsrot[4].

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Virgänger:
François Scheffer
Buergermeeschter vun der Stad Lëtzebuerg
1844 - 1848
Nofollger:
Jean-Pierre David Heldenstein

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. Nicolas Als, Robert L. Philippart: La Chambre des Députés, Histoire et Lieux de Travail, Chambre des Députés du Grand-Duché de Luxembourg, 1994, S. 524
  2. Memorial N° 3 vun 1844 mam ARRÊTÉ ROYAL GRAND-DUCAL du 29 décembre 1843, N° 2926f, portant nomination des Bourgmestres et Echevins des villes et des Bourgmestres des campagnes du Grand-Duché
  3. Arrêté royal grand-ducal du 29 décembre 1843, n° 2926f, portant nomination des Bourgmestres et Echevins des villes, et des Bourgmestres des campagnes du Grand-Duché, publizéiert am Mémorial N° 3 vun 1844, Ss. 13-24, (cf. S. 14)
  4. Lëscht vun de Membere vum Staatsrot op der Websäit vum Staatsrot