Fergana
Fergana (usb. Фарғона/Fargʻona; russ. Фергана/Fergana) ass mat 164.334 Awunner (Stand 1. Januar 2005) d'Haaptstad vun der Provënz Fergana am Oste vun Usbekistan.
Si läit am Ferganadall an ass als "gréng Stad" bekannt fir hir Kottengproduktioun a Veraarbechtung, grad ewéi fir hir pëtrolchemesch Industrie.
Duerch de Ferganadall ass fréier d'Seidestrooss gaangen. Déi modern Stad Fergana gouf 1876 als Garnisiounsstad net wäit ewech vu Margilan gegrënnt, mam Numm "Nei Margilan" (Новый Маргелан). 1910 gouf se a "Skobelew" (Скобелев) ëmbenannt, nom russesche Militärgouverneur vum Dall. Nodeems datt d'Bolschewiken d'Regioun ageholl haten, krut d'Stad hiren haitegen Numm, no der Provënz vun där si den Zentrum ass.
Mat enger relativ héijer Proportioun u Russen an Tataren am Verglach zu aneren usbekesche Stied huet Fergana e gewësse sowjetesche Charme behalen. Mat hire breeden Avenuen, ville Beem an Haiser am tsaristesche Kolonialstil vum 19. Joerhonnert gëtt gesot, si géif e bëssen ausgesinn ewéi Taschkent virum groussen Äerdbiewen.