Fernand Salentiny

Vu Wikipedia
Fernand Salentiny
Gebuer 20. Oktober 1931
Gestuerwen 20. Mee 1991
Nationalitéit Lëtzebuerg
Aktivitéit Schrëftsteller

De Fernand Salentiny, gebuer den 20. Oktober 1931 zu Péiteng a gestuerwen den 20. Mee 1991 zu Schëffleng,[1] war e lëtzebuergesche Pedagog an Auteur vu geschichtleche Saachbicher.

Liewen a Wierk[änneren | Quelltext änneren]

De Fernand Salentiny, deen zu Nanzeg Geschicht a Literatur studéiert hat, huet dem Enseignement moyen relativ fréi de Réck gekéiert, fir sech am däitschsproochege Raum als Beruffsauteur ze versichen.

Säin Intressegebitt war d'Geschicht, verbonne mat Exotik an Abenteur. Sou huet hien eng ganz Rëtsch vu (Jugend-)Bicher iwwer d'nordamerikanesch Indianer, iwwer d'Piraten an d'Korsaren, iwwer d'südamerikanesch Kulturen, iwwer déi grouss Navigatoren an Entdecker, asw. redigéiert a publizéiert. Seng Bicher an Artikele ware populärwëssenschaftlech a syntheetesch geschriwwen, am Virfeld awer ëmmer seriéis recherchéiert, dacks genuch och duerch Reesen op déi verschiddenst Plazen an der Welt.

Wärend enger Dose Joren huet de Fernand Salentiny och Rezensioune fir d'Kultursäite vum Luxemburger Wort geschriwwen. Donieft huet hie Konferenze gehalen a kommentéiert Dia-Projektioune gemaach.

De Fernand Salentiny war Member vun der Däitscher Gesellschaft fir Polarfuerschung, vun der Geographical Society a vum South America Explorer Club.

Auszeechnungen[änneren | Quelltext änneren]

  • 1979: wëssenschaftleche Glaxo-Preis fir d'Buch 6000 Jahre Naturkatastrophen (1978 erauskomm).

Publikatiounen (Auswiel)[änneren | Quelltext änneren]

  • DuMont's Lexikon der Seefahrer und Entdecker - Von Amundsen bis Zeppelin ; Köln (DuMont Buchverlag), 1995; 316 Säiten. ISBN 3-7701-2978-4
  • Soliman der Prächtige ; 1981.
  • Santiago! Die Zerstörung Altamerikas ; 1980.
  • Machu Picchu - Steinernes Rätsel im Lande des Kondors ; 1979.
  • Piraten - Eine Bilddokumentation über Schurken und Helden der Seefahrt ; 1978.
  • Durchs Packeis zum Nordpol ; 1977.
  • Aufstieg und Fall des portugiesischen Imperiums ; 1977.

Literatur[änneren | Quelltext änneren]

  • pl., Auf den Spuren vergangener Kulturen - Zum Tode des Sachbuch-Autors Fernand Salentiny ; in: Die Warte / Perspectives, Kulturbäilag vum Luxemburger Wort, Ausgab vum 30. Mee 1991.

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. Luxemburger Lexikon, 1. Oplo, 2006, S. 377