Fernand Diederich

Vu Wikipedia
Fernand Diederich
Gebuer 2. Januar 1946
Ettelbréck
Nationalitéit Lëtzebuerg
Aktivitéit Politiker
Partei LSAP

De Fernand Diederich, genannt "de Bim", gebuer den 2. Januar 1946 zu Ettelbréck, ass e lëtzebuergesche Politiker dee bis den 2. August 2004 Professer am Technesche Lycée zu Ettelbréck war.

1984 ass hie Member an der LSAP ginn.

An der Gemeng Colmer-Bierg war hie vun 1982 bis 1985 Schäffen a vun 1988 bis 1993 Conseiller. Vun 1994 bis 2011 ass hie Buergermeeschter vun där Gemeng.

Den 3. August 2004 gouf de Fernand Diederich Deputéierten an der Chamber. Och 2009 war hie Kandidat bei de Chamberwalen an ass duer nogeréckelt.

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]