Fernand Fehlen
Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
De Fernand Fehlen, gebuer den 9. Mee 1950 ass e lëtzebuergesche Soziolog, spezialiséiert an der Sproochesoziologie.
Vun 1971 bis 1976 huet hien Ingénieursstudien am Maschinebau op der RWTH Aachen gemaach.
Hien huet duerno vun 1976 bis 1981 Sozialwëssenschaften op der WWU Münster studéiert.
Vun 1981 bis 1984 huet hien de Stage pédagogique gemaach an huet duerno bis 1992 als Sekondärsenseignant geschafft.
Vun 1984 bis 1994 war hie Redaktiounsmember vun Zäitschrëft forum. Duerno schreift hien awer nach regelméisseg Artikelen fir déi Zäitschrëft.
Hie schafft op der Universitéit Lëtzebuerg.
Publikatiounen [änneren]
- Fehlen, Fernand, Isabelle Piroth, Carole Schmit & Michel Legrand, 1998. Le Sondage "baleine": une étude sociologique sur les trajectoires migratoires, les langues et la vie associative au Luxembourg. 141 p. RED HS N° 1, SESOPI - Centre intercommunautaire. Imprimerie Saint-Paul, Luxembourg.
- Fehlen, Fernand, 2009. BaleineBis : Une enquête sur un marché linguistique multilingue en profonde mutation - Luxemburgs Sprachenmarkt im Wandel. RED N° 12, SESOPI Centre Intercommunautaire, Luxembourg.