Fernand Franck

Vu Wikipedia
Wiesselen op: Navigatioun, sichen
Den Äerzbëschof Fernand Franck

De Fernand Franck, gebuer de 6. Mee 1934 zu Esch-Uelzecht, ass Äerzbëschof vu Lëtzebuerg.

Den 29. Juni 1960 gëtt de Fernand Franck zum Priister geweit. Hie war Kaploun zu Déifferdeng-Fuussbann (1960-1971), Paschtouer a Clausen (1971-1977) a vun 1977 un zu Roum, ënner anerem als Generalsekretär vum peepstleche Wierk fir d'Verbreedung vum Glawen.

Den 21. Dezember 1990 gëtt hien zum Bëschof vun der Äerzdiözees Lëtzebuerg ernannt. Den 2. Februar 1991 weit säi Virgänger, den deemolegen Äerzbëschof Jean Hengen, de Fernand Franck zum Bëschof.

Den 29. Juni 2011 gouf de Fernand Franck am Bistum Tréier zum Éierekapitular (Éierendoumhär) am Tréierer Doumkapitel ernannt[1].

De Fernand Franck ass Grand prieur vun der Lëtzebuerger Kommandantur vum Ritteruerde vum hellege Graf[2][3] a President, zanter 2006, vun der Kaiser-Karl-Gebetsliga für den Völkerfrieden[4]

De 16. Oktober 2011 gëtt de Jean-Claude Hollerich zu sengem Nofolger geweit.[5]

Wopen[änneren | Quelltext änneren]

Bëschofswope vum Fernand Franck

De Bëschofswopen gëtt sou beschriwwen: Écartelé: au I d'argent au lion de gueules, armé en lampassé d'or, la queue fourchue et passée en sautoir; au II d'azur à deux clés entretenues, celle de dextre d'or enposée en bande, celle de senestre d'argent posée les anneaux en barre, entre lesquelles une étoile d'or de huit rais; au III d'azur à deux clés entretenues, celle de dextre d'or entreposée en bande, celle de senestre d'argent posée les anneaux en barre, entre lesquelles une fleur de lys d'argent; au IV d'argent à trois tours crénelées de gueules, ouvertes du champ, posées 2, 1.

Als Bëschofsdevise huet de Fernand Frank en Zitat aus Joh 17,21 gewielt: Ut unum sint, "Datt si alleguer eent sinn, (esou wéi s du, Papp, a mir an ech an dir; datt och si an äis sinn, fir datt d'Welt gleeft, datt s du mech geschéckt hues)".

Quellen[änneren | Quelltext änneren]

  • Lenertz, M., Muller, J-Cl., 1991, Les Évêques/Archevêques de Luxembourg, Lignes agnatiques, jalons biographiques et armoiries. Annuaire - A.L.G.H.
Virgänger Bishopcoa.png Nofolger
Jean Hengen Lëscht vun de Bëscheef Jean-Claude Hollerich

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Referenzen[änneren | Quelltext änneren]

  1. Pressedingscht vum Bistum Tréier, 1. Juli 2011
  2. Websäit vum Äerzbistum vu Lëtzebuerg
  3. Luxemburger Wort vum 5. November 2011, S. 24.
  4. Luxemburger Wort vum 21. Abrëll 2012, S. 10-11: Ein Seliger von universaler Bedeutung. [Interview mam Fernand Franck].
  5. "Jean-Claude Hollerich: Bëschofswei de 16. Oktober um 15h." rtl.lu - 11.07.2011, 15:50 - Fir d'lescht aktualiséiert: 12.07.2011, 12:14.