Fernand Georges

Vu Wikipedia
Fernand Georges
Gebuer 16. September 1929
Gestuerwen 9. November 2015
Nationalitéit Lëtzebuerg
Aktivitéit Politolog
Partei SDP

De Fernand Georges, gebuer de 16. September 1929 zu Dikrech a gestuerwen den 9. November 2015 zu Munneref[1], war e Politikwëssenschaftler a fréieren héije Fonctionnaire vum Europa Parlament a fréiere Member vum Staatsrot.

Hie gouf de 26. Februar 1965 als Member vum Staatsrot nominéiert an ass dat bis zu senger Demissioun den 1. Januar 2000 bliwwen.[2]

De Fernand Georges war ee vun de Grënner vun der SdK (Sozialdemokratesch Konventioun) am Joer 1970, an zesumme mam Henry Cravatte an der Astrid Lulling ee vun de Grënner vun der Sozialdemokratescher Partei am Joer dono. Hie war den éischte Vizepresident an dono de President vun der Partei, bis si sech 1982 opgeléist huet.[3]

Gielercher[änneren | Quelltext änneren]

Literatur[änneren | Quelltext änneren]

  • B. Fayot, S. Hoffmann, J. Maas & R. Steil: 100 Joer sozialistesch Deputéiert an der lëtzebuerger Châmber: Dictionnaire biographique des députés socialistes à la Chambre des Députés. Edition La Mémoire Socialiste, Luxembourg 1997, 171 S. (Fernand Georges: S. 159).

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. Luxemburger Wort, 11. November 2015, S. 55.
  2. Lëscht vun de Membere vum Staatsrot op der Websäit vum Staatsrot
  3. Fayot et al. 1997, S. 159.
  4. Memorial B n° 6 vun 1996 mat der Lëscht vun de Leit déi 1995 eng national Auszeechnung kritt hunn Op der Säit 93 vun deem Memorial steet 'Promotion 1995' wärend op der säit 94 'Promotion 1994' steet.