Fernand Schwachtgen

Vu Wikipedia
Fernand Schwachtgen
Gebuer 16. November 1910
Miersch
Gestuerwen 14. Januar 2000
Lëtzebuerg
Nationalitéit Lëtzebuerg
Aktivitéit Dokter, Resistenzler

De Fernand Schwachtgen, gebuer de 16. November 1910 zu Miersch a gestuerwen de 14. Januar 2000 an der Stad Lëtzebuerg, war e lëtzebuergeschen Dokter, Resistenzler an Direkter vum Staatslaboratoire.[1]

Den Dokter an Direkter vum Staatslaboratoire[änneren | Quelltext änneren]

De Fernand Schwachtgen huet am Abrëll 1937 den Doktorat an der Medezin am Kader vun der Collation des grades gepackt. Den Exame fir den Doktorat an der Chirurgie an den Doktorat an der Gebuertshëllef konnt hien eréischt am Mee 1946 maachen.[2] Den 22. Mee 1946 ass hien als Dokter zu Lëtzebuerg zougelooss ginn.[1] Mat der Ënnerstëtzung vun der Regierung konnt hie sech an der Anatomie-Pathologie op der Universitéit vu Stroossbuerg weiderbilden. Dono huet hien als Médecin-assistant am Staatslaboratoire geschafft. De 15. September 1954 ass hien als Nofollger vum pensionéierte Pierre Schmol Direkter vum Staatslaboratoire ginn. 1975 ass hien an d'Pensioun gaangen; an der Tëscht hat de Staatslaboratoire duerch d'Gesetz vum 25. Juni 1965 den Numm Institut d'hygiène et de santé publique kritt.[3]

Wärend enger Rei vu Joren huet de F. Schwachtgen och als Chargé de cours d'Histo-Embryologie um Cours supérieur enseignéiert.[1]

De Resistenzler[änneren | Quelltext änneren]

Am Zweete Weltkrich war de Fernand Schwachtgen en aktive Member vun der Resistenzorganisatioun L.V.L.[4] Ënner dem Code-Numm Jean l'Aveugle huet hien iwwer seng Verbindungsleit a Frankräich den Alliéierte wichteg Informatiounen iwwer déi däitsch Versuchsanlag fir de Bau vu V1- a V2-Rakéiten zu Peenemünde geliwwert.[5] De F. Schwachtgen huet an e puer Artikelen am «Rappel», dem Organ vun der Ligue luxembourgeoise des prisonniers et déportés politiques heiriwwer erzielt.[6]. Seng Roll an där Affär gëtt awer och z. B. am Buch Operation Crossbow: The Untold Story of the Search for Hitler’s Secret Weapons (2014) vum Allan Williams behandelt[7] ; säin Numm daucht och op am Buch Target London: Under attack from the V-weapons during WWII (2012) vum Christy Campbell.

Am Comité vun der L.V.L., deen um Kongress vun der Organisatioun vum 25. November 1945 gewielt gouf, war de F. Schwachtgen Vizepresident.[8]

De Member vun der SNL an dem Institut grand-ducal[änneren | Quelltext änneren]

De Fernand Schwachtgen ass 1950 Member vun der Société des naturalistes luxembourgeois (SNL) ginn.[9]

AAm Juni 1955 gouf hie Membre correspondant vun der wëssenschaftlecher Sektioun vum Institut grand-ducal.[10] An der Sëtzung vum 31. Januar 1957 ass hien als Membre effectif proposéiert ginn, an hien huet bei där Geleeënheet e Virtrag gehalen iwwer de Sujet Statistique des examens cancérologiques effectués au Laboratoire de l'Etat de 1952 à 1956.[11] An der nächster Sëtzung, d.h. de 16. Abrëll 1957, ass hien dann definitiv als Membre effectif ugeholl ginn.[12]

Den Auteur[änneren | Quelltext änneren]

Als Auteur oder Coauteur huet de F. Schwachtgen eng Rei vu wëssenschaftlechen Artikele publizéiert, an deenen toxikologesch Sujete wéi Vergëftungen duerch E 605 (Parathion), duerch Methylalkohol, duerch den hollännesche Margarine «Planta» behandelt goufen, oder pathologesch Theemen.[13] Am «Rappel» huet de F. Schwachtgen iwwer seng Erliefnesser a seng Ënnergronnd-Aktivitéit am Zweete Weltkrich geschriwwen. An den Archives vun der wëssenschaftlecher Sektioun vum Institut grand-ducal huet hien e Noruff fir de belsche Mikrobiolog Jules Bordet (1870-1961), deen Éieremember vun der Sektioun war, publizéiert.[14]

Rue Fernand Schwachtgen[änneren | Quelltext änneren]

A senger Sëtzung vum 4. Oktober 2010 huet de Mierscher Gemengerot decidéiert, eng Strooss am neie Baugebitt «Koppelwee II» rue Fernand Schwachtgen ze nennnen.[15]

Literatur[änneren | Quelltext änneren]

  • Betz, A., 1989. Le Laboratoire National de Santé. Bulletin de la Société des sciences médicales du grand-duché de Luxembourg, N° jubilaire du 125e anniversaire, S. 77-80.
  • Dostert, P., 2002. La résistance luxembourgeoise 1940-1944. Ons Stad N° 71 (décembre 2002), S. 12-15.[3]
  • Hoffmann, S., 2004. Le mouvement de résistance LVL au Luxembourg. Archives nationales, Luxembourg, 158 S.
  • Kugener, H., 2005. Die zivilen und militärischen Ärzte und Apotheker im Großherzogtum Luxemburg. Band 3/3 (S-Z). Luxemburg, Eigenverlag, S. 1343-1756, [1]-23, [1].

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. 1,0 1,1 1,2 Kugener 2005, S. 1454-1455.
  2. Escher Tageblatt 1946-05-29, S. 5 (Prüfungserfolge)
  3. Betz 1989, S. 78.
  4. Hoffmann 2004.
  5. Dostert 2002, S. 14. Kuck och: Olivier Tasch: Vingt lignes pour la gloire. Le Jeudi, 29/08/2013.[1]
  6. Ich erhalte Nachrichten über Peenemünde / Fernand Schwachtgen ; Fussnoten von Aloyse Raths. - In: Rappel: organe de la Ligue luxembourgeoise des prisonniers et déportés politiques. - Luxembourg. - Année 41(1986), n° 9/10, S. 423-474.
    Erinnert Jean l'Aveugle an die Geheimwaffe von Peenemünde! / Fernand Schwachtgen ; Fussnoten von Aloyse Raths. - In: Rappel: organe de la Ligue luxembourgeoise des prisonniers et déportés politiques. - Luxembourg. - Année 41(1986), n° 11/12, S. 537-583.
    Die Peenemünde-Nachrichten sind rechtzeitig in London angekommen / Fernand Schwachtgen ; Fussnoten von Aloyse Raths. - In: Rappel: organe de la Ligue luxembourgeoise des prisonniers et déportés politiques. - Luxembourg. - Année 43(1988), n° 7/8, S. 303-337.
    Aufgrund der Geheimberichte beschliesst am 29.6.1943 das englische Kriegskabinett, Peenemünde zu bombardieren / Fernand Schwachtgen ; Fussnoten von Aloyse Raths. - In: Rappel: organe de la Ligue luxembourgeoise des prisonniers et déportés politiques. - Luxembourg. - Année 43(1988), n° 9/10, S. 379-413.
  7. Operation Crossbow, Arrow Books, 2014 (Säit 121).
  8. D'Unio’n 1945-12-13, S. 4
  9. Bulletin de la Société des naturalistes luxembourgeois 55 (1950), S. 440. [2]
  10. Archives de la Section des sciences naturelles, etc. de l'Institut grand-ducal N.S. 21 (1955), S. 247 (séance du 7 juin 1955).
  11. Archives de la Section des sciences naturelles, etc. de l'Institut grand-ducal N.S. 24 (1957), S. 5-7 (séance du 31 janvier 1957).
  12. Archives de la Section des sciences naturelles, etc. de l'Institut grand-ducal N.S. 24 (1957), S. 7 (séance du 16 avril 1957).
  13. Eng méi ausféierlech Lëscht ass bei Kugener 2005, S. 1455, ze fannen.
  14. Archives de la Section des sciences naturelles, physiques et mathématiques de l'Institut grand-ducal de Luxembourg N. S. 28 (1961), 1962, S. 7-10.
  15. Investitionen in die öffentliche Infrastruktur. Luxemburger Wort / 8.10.2010.
    Bericht der Gemeinderatssitzung vom 4. Oktober 2010.

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Historique du Laboratoire national de santé.